D'Taylor Swift an den Justin Bieber verdénge prächteg: Spotify gëtt sou vill Suen u Kënschtler wéi nach ni. Ma just e klengen Deel profitéiert dovun.

Spotify huet am leschte Joer ronn siwe Milliarden Dollar un d'Proprietäre vu Museksrechter bezuelt - esou vill wéi nach ni. Wéi de Streaming-Déngscht mellt, kruten dovun eng éischte Kéier méi wéi dausend Kënschtler iwwert eng Millioun Euro u Recetten.

Ma trotzdeem ass dach nach ëmmer eng relativ geréng Elite ënnert de Museker: Am Ganze si ronn aacht Millioune vun hinnen an der Datebank vu Spotify. Iwwer 50.000 Kënschtler hätten dem neiste Rapport no d'lescht Joer iwwer d'Plattform méi wéi 10.000 US-Dollar verdéngt. Dës Zuel hätt sech zanter 2017 verduebelt, mellt déi schweedesch Entreprise.

Spotify ass de Maartleader am Beräich vum Musekstreaming, fir d'lescht louch d'Zuel vun den Abonnenten, déi dofir bezuelen, bei ronn 180 Milliounen. Zanter Jore beschwéiere sech allerdéngs och Kënschtler, dass de Streamingdéngscht si net anstänneg fir d'Opriff vun hire Lidder bezilt.

Wéi vill Geld déi eenzel Museker 2021 kruten, huet d'Firma awer net matgedeelt. Ma dem Rapport no wier mat 130 Kënschtler, déi d'lescht Joer méi wéi 5 Milliounen Dollar kruten, d'Zuel ëm 160 Prozent geklommen. Zu de meeschtgestreamte Kënschtler hunn d'lescht Joer de Bad Bunny, d'Taylor Swift, BTS, den Drake an den Justin Bieber gezielt. Am heefegsten opgeruff, gouf d'Lidd "Drivers License" vum Olivia Rodrigo.

An de leschte Joren haten eng Partie Museker den Déngscht boykottéiert, dorënner d'Sängerin Taylor Swift an d'Band Die Ärzte. Kuerz Zäit drop hu si hir Albumen awer rëm op d'Plattform gesat. Anerer probéieren, sech mat eegene Bezuelmodeller vu Streamingdéngschter z'emanzipéieren, sou wéi de Kanye West: Wie säin neien Album lauschtere wëll, muss dofir säin "Stem Player" kafen - eng Aart "neien MP3-Player".

Wéinst de Kriticken huet Spotify 2021 eng Websäit mam Numm "Loud and Clear" ageriicht, mam Zil "méi Transparenz" fir d'Bezuele vun de Kënschtler ze schafen. Dem Rapport no wieren d'lescht Joer d'Streaming-Recetten vun der Museksindustrie méi héich gewiescht, wéi all d'Recettë vum Secteur duerch de Verkaf vu Musek.

D'Museker gi bei Spotify op d'Gesamtzuel vun den Opriff bezuelt. D'Sue ginn un déi Leit, déi d'Rechter un deenen eenzele Lidder huet, wéi Labelen, Verläg an Diffuseuren. Wéi vill dovun tatsächlech bei de Kënschtler ukënnt, hänkt vun hire Kontrakter of.