Romain Urhausen - "En son temps"
An der klenger historescher Stad Arles a Südfrankräich wäert sech vu Juli bis September nees alles ëm d‘Fotografie dréinen.
Dat am Kader vun der 53. Editioun vun dem renomméierte Fotofestival "Rencontres d‘Arles". Ganzer 40 Ausstellunge ginn et dëst Joer op 25 verschiddene Lieuen uechter d‘Stad ze entdecken. Déi Lëtzebuerger Associatioun Lët'z Arles presentéiert dëst Joer d'Ausstellung "Romain Urhausen - En son temps", ee besonnesche Projet, deen en Dënschdeg am CNA zu Diddeleng der Press virgestallt gouf. De Romain Urhausen gëllt als ee vun deenen innovatiivste Fotografen aus Lëtzebuerg. Dee leidenschaftlechen an immens produktive Kënschtler hat sech a senger Konscht net just mat deene verschiddensten Techniken, ma och mat ganz ënnerschiddlechen Themen auserneegesat. Genee des Villsäitegkeet war et och, déi deen internationale Jury begeeschtert an iwwerzeegt hat – d‘Decisioun, dass de Romain Urhausen op de „Rencontres de la photographie d'Arles“ sollt Lëtzebuerg vertrieden, war eestëmmeg.
An enker Zesummenaarbecht mam Romain Urhausen hat de Paul di Felice, Commissaire vun der Expo, déi grouss Monografie ugefaange mat ausschaffen. Duerch den iwwerraschenden Doud vum Fotograf am Juli d‘lescht Joer huet de Projet "En son temps", zwar liicht anescht evoluéiert wéi geplangt, ma d'Konzept an d‘Iddi dohannert sinn natierlech déi selwecht bliwwen.
Am Dialog mat 13 franséischen an däitsche Fotografen aus senger Zäit presentéiert d'Ausstellung 6 verschidden Themen aus dem Romain Urhausen sengem Wierk - vum alldeegleche Liewen iwwer déi experimentell Fotografie bis hin zum Autoportrait.
Dës Ausstellung wäert awer net, wéi déi véier viregt Projete vu Lët'z Arles, an der Barocker "Chapelle de la Charité" ze gesi sinn, ma exzeptioneller Weis am Espace Van Gogh.
Fir déi vill Wierker beschtméiglech kënnen an Zeen ze setzen, brauch et nämlech méi ee groussen Ausstellungsraum. Donieft bitt dëse Lieu och déi bescht Ausstellungskonditioune fir déi original Fotografien aus de 50er a 60er Joren.
D'"Rencontres de la photographie" zu Arles fänken de 4. Juli un an dauere bis de 25. September.
Weider Informatiounen zu Lët‘z Arles an zu de Rencontres d‘Arles fannt Dir op www.letzarles.lu an op www.rencontres-arles.com