Rio de JaneiroTechniker stierft bei Opbauaarbechte vun der Bün fir Shakira-Megaconcert

AFP, iwwersat vun RTL
Obwuel hie vu Leit no sengem Accident séier konnt befreit ginn, ass den Techniker kuerz drop am Spidol gestuerwen.
Den Opbau vun der Bün op der Copacabana zu Rio de Janeiro.
Den Opbau vun der Bün op der Copacabana zu Rio de Janeiro.
© PABLO PORCIUNCULA/AFP

Bei den Opbauaarbechte fir de geplangte Mega-Concert vum Shakira zu Rio de Janeiro ass e Bünentechniker ëm d'Liewe komm. Wéi et vun der Rettungsdéngschter aus der brasilianesche Metropol un der Küst heescht, gouf de Mann vun engem System, fir d'Bün ze hiewen, agequëtscht an dobäi schwéier blesséiert. Aner Persounen, déi op der Plaz waren, konnten hien zwar befreien, ma de Mann wier méi spéit am Spidol u senge Blessure gestuerwen.

De Concert vun der kolumbianescher Sängerin, fir deen ee keen Entrée muss bezuelen, soll e Samschdeg sinn. D'Opbauaarbechte fir d'Bün sinn zanter enger Woch amgaangen. Mëtt Abrëll war net wäit ewech vun der Bün op der Copacabana e Sprengkierper fonnt ginn. Der Police no war et eng Blendgranat.

Et ass net déi éischte Kéier, datt op der weltbekannter Strandpromenade e gratis Concert organiséiert gouf. Dat lescht Joer waren iwwer zwou Millioune Fans beim Gratis-Optrëtt vum Lady Gaga op mat dobäi an 2024 hat d'Madonna 1,6 Millioune Visiteuren op d'Copacabana gelackelt.

Techniker stierft bei Opbauaarbechte vun der Bün fir Shakira-Megaconcert
Obwuel hie vu Leit no sengem Accident séier konnt befreit ginn, ass den Techniker kuerz drop am Spidol gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO