"New Rocks" an "As Long As It Lasts"Zwou Installatioune vum Jules Péan a vum Léa Giordano an der Buvette vun de Rotonden

Isabelle Gillen
Nach bis den 3. Mee kann een déi zwou Installatioune an de Rotonde gesinn
"New Rocks“ an "As Long As It Lasts“
Zwou Installatioune vum Jules Péan a vum Léa Giordano an der Buvette vun de Rotonden.

De Projet "New Rocks" vum Jules Péan ass eng skulpturell Installatioun, déi sech mat der Identitéit vun de ronne Bouneweger Gebaier auserneesetzt. Am néng Quadratmeter grousse sougenannte "Cube" weist de Kënschtler, deen zu Eindhoven Design studéiert huet, eng Rei Skulpturen a Form vu Steng, déi vu klenge wäisse Bäll ëmgi sinn. Ronn zwee Méint huet de Kënschtler un dëser Installatioun geschafft.

An enger änlecher Form schafft de Jules Péan awer schonn zanter e puer Joer un der Iddi vu "New Rocks" an huet dës fir seng Ausstellung an de Rotonden adaptéiert. Heifir huet hien elo mat Sand aus der Rotonde 2, déi den Ament ëmgebaut gëtt, geschafft an huet dësen zum Mëttelpunkt vu sengem Projet gemaach. Eng Rei kleng Skulpturen, déi um Buedem vun der Installatioun ze fanne sinn, huet de Kënschtler aus enger Aarbecht fir d'Uni recycléiert an déi méi grouss Objeten, déi deels um Plaffong befestegt sinn, huet hien nei fir déi heiten Installatioun kreéiert. Nieft dem Sand aus der Rotonde 2 huet de Jules Péan mat richtege Steng, ma awer och mat organesche Strukturen aus Myzel, enger Aart Champignon, geschafft. Donieft sinn déi kleng wäiss Bäll, déi déi grouss Skulpturen dekorativ begleeden, aus Gromperestäerkt geformt an u Kofferdrot befestegt.

Et war dem Kënschtler wichteg, mat lokalen a virun allem natierleche Produiten ze schaffen. D'Aart a Weis, wéi Mënsche mat hirer Ëmwelt ëmginn, ass en Thema, dat hie generell a sengen Aarbechte beschäftegt. Deemno versicht hien a senge Wierker ëmmer e Bewosstsi fir verschidden Alldagsgéigestänn an d'Manéier mat dësem ëmzegoen ze schafen.

Wéi den artistesche Programmateur vun de Rotonden Marc Scozzai verzielt, wier et net ëmmer einfach, Kënschtler ze fannen, déi sech de Konditioune vun den Ausstellungsplattformen an der Buvette upasse kënnen. De "Cube" ass mat senger aussergewéinlecher Gréisst eng vun de klengste Galerien zu Lëtzebuerg a bréngt seng ganz eegen Hürde mat.

Änlech ass et beim Bildschierm "Loop", op deem elo d'Kënschtlerin Léa Giordano, déi zu Amsterdam Film studéiert, e Videoprojet weist. Hire Projet mam Titel "As Long As It Lasts" ass änlech, wéi beim Jules Péan, op der Uni entstanen. Virun e puer Joer hat d'Kënschtlerin schonn eng Kéier e Video mat dësem Titel produzéiert. Dëse war ganz mat enger aler Super 8-Kamera gefilmt a gouf an engem richtege Loop, analog fir d'Leit projezéiert. Um Video gesäit ee verschidde Leit am Schwaarz-wäissen, déi sech kussen. Och am neie Video, deen d'Kënschtlerin elo fir d'Rotonden adaptéiert huet, gesäit ee Leit, déi sech kussen. Heifir gouf en Opruff no Fräiwëllege gemaach an déi eenzel Videodeeler goufen och all an de Rotonde gefilmt. Um Ecran "Loop" iwwert der Buvette vun der Rotonde 2 vermësche sech elo nei an al Videodeeler an enger Projektioun, déi soubal de Video eriwwer ass, ëmmer nees vu fir ufänkt.

D'Kënschtlerin verschafft mat dëser Installatioun hir Verloschtängscht an hirer laangjäreger Bezéiung. Gläichzäiteg versicht si d'Leit, déi de Video kucken, mat änleche Gefiller ze konfrontéieren.

Béid Installatiounen, "New Rocks" vum Jules Péan an "As Long As It Lasts" vun der Léa Giordano, sinn nach bis den 3. Mee an der Buvette vun de Rotonden ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO