Droit d'auteur Tëscht Kreatioun, Streaming a kënschtlecher Intelligenz

Tim Morizet
Fir vill Leit eng abstrakt juristesch Fro, fir Kreativer awer eng ganz konkret Realitéit, déi ëmmer méi ënner Drock geréit.
Droit d'auteur: Tëscht Kreatioun, Streaming a kënschtlecher Intelligenz
Fir vill Leit eng abstrakt juristesch Fro, fir Kreativer awer eng ganz konkret Realitéit, déi ëmmer méi ënner Drock geréit.

Den Droit d'auteur – fir vill Leit eng abstrakt juristesch Fro, fir Kreativer awer eng ganz konkret Realitéit. Tëscht Streaming, gratis Contenuen an neien Technologië wéi kënschtlecher Intelligenz steet dëse Schutz ëmmer méi ënner Drock. Fir dorop opmierksam ze maachen, wëll de Wirtschaftsministère an de kommende Wochen eng Sensibiliséierungscampagne lancéieren.

Musek: Kreatioun huet e Wäert

E Beat, eng Melodie, eng Iddi – Musek entsteet net aus dem Näischt. Hannert all Lidd stécht Zäit, Talent a Kreativitéit. An och e Recht: den Droit d'auteur.
Fir de Pol Belardi, e Lëtzebuerger Museker, ass dat e fundamentale Prinzip:

"Dee bedeit, dass déi Wierker, déi ech schafen, als mäin intellektuellt Eegentum geschützt sinn an och e gewëssene Revenu generéieren."

Dëse Schutz ass net nëmmen eng moralesch Fro, mee och eng ekonomesch. Well fir vill Museker ass den Droit d'auteur ee vun de leschte stabille Revenuen.

Streaming huet alles verännert

D'Museksindustrie huet sech an de leschte Jore radikal gewandelt. CDen an de physesch Verkaf spille kaum nach eng Roll, an och d'Recetten aus Concerte sinn net ëmmer virauszegesinn.

Wat bleift, sinn ënner anerem déi kleng Montanten, déi all Kéier generéiert ginn, wann eng Musek gespillt gëtt – egal ob am Radio, op enger Streamingplattform oder live.

"Den Droit d’auteur ass d’Basis vum Akommes vu quasi all Kreativschafenden“, erkläert de Marc Nickts, Direkter vun der Sacem. "Et ass e wirtschaftlecht Konstrukt, dat et erméiglecht, aus Kreatioun e Revenu ze generéieren.“

D’Sacem spillt dobäi eng zentral Roll. Si sammelt dës Revenuen a verdeelt se véiermol d’Joer un d’Kënschtler. Wéi vill een dobäi verdéngt, hänkt staark dovun of, wéi dacks e Song gespillt gëtt.

"Alles gratis“: e Problem vum Mindset

Trotz dësem System steet den Droit d’auteur ëmmer méi ënner Drock. Ee Grond: d’Erwaardung vu ville Konsumenten, dass alles direkt a gratis zougänglech soll sinn.

"Et ass eppes, wat sech leider an de Käpp festsetzt, dass alles mat zwee Klicke gratis muss sinn. Mee dat si jo Existenzen, déi dovun ofhänken“, warnt de Pol Belardi.

Dobäi geet et net nëmmen ëm grouss Kënschtler. Och déi kleng Rechter spillen eng Roll. Wann eng Musek gespillt gëtt – egal ob op enger Party, am Radio oder online – soll och de Komponist, deen Texter oder souguer den "Noper“, dee matgeschriwwen, respektiv matmusizéiert huet, säin Deel kréien. E System, wéi en a villen Nopeschlänner schonn existéiert - mee zu Lëtzebuerg nach net zum Droit d’auteur gehéiert.

Wa Musek "geklaut“ gëtt

Besonnesch problematesch gëtt et an Zäite vun digitale Plattformen a kënschtlecher Intelligenz.

De Pol Belardi schwätzt vu konkrete Fäll, wou d’Identitéit vu Kënschtler geklaut gouf. Ob eemol géifen nei Lidder ënnert hirem Numm op Streamingplattformen opdauchen – obwuel si dës ni produzéiert hunn.

Souguer verstuerwe Kënschtler géifen "nei" Musek erausbréngen, generéiert duerch Algorithmen. D’Zil: vum Succès an den Algorithmen ze profitéieren – an domadder Geld ze verdéngen.

Fir de Pol Belardi ass dat eng Entwécklung "wéi am Wëlle Westen“, wou Donnéeë benotzt ginn, ouni Permissioun ze froen.

Droit d’auteur iwwer Musek eraus

Den Droit d’auteur betrëfft awer net nëmme Musek. Och Bicher, Artikelen an digitaalt Archivmaterial si geschützt.

Hei steet virun allem d’Balance am Mëttelpunkt: Wéi kann ee Wëssen zougänglech maachen, ouni d’Rechter vun den Auteuren ze verletzen?

De Claude Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik erkläert: "Mir wëllen e fräien Zougang ginn zu all den Dokumenter. Op der anerer Säit hu mer eng Responsabilitéit par rapport zu de Kreateuren.“

Och dat einfacht Ausléinen an enger Bibliothéik gëllt juristesch schonn als "Re-Utilisatioun“. Dofir ginn et Accorden, zum Beispill mat der Luxorr, fir d’Auteuren ze kompenséieren.

Illegal Notzung bleift e Problem

Trotz legale Plattformen ass déi illegal Notzung vu Musek, Filmer a Bicher nach ëmmer vill verbreet. Och zu Lëtzebuerg, dat weist eng rezent Etüd vum European IP Office.

"Et sinn ëmmer nach 21 Prozent vun de Lëtzebuerger, déi reegelméisseg illegal online Contenue benotzen“, esou de Serge Quazzotti, Direkter vum Institut le la Propriété Interllectuelle Luxembourg.

Dës Etüd weist: Och wann de legalen Zougang méi einfach ginn ass, bleift d’Bereetschaft, d'Rechter ze ëmgoen, bestoen.

Kënschtlech Intelligenz: eng nei Erausfuerderung

Eng nach méi grouss Erausfuerderung ass d’kënschtlech Intelligenz.

Systemer ginn haut mat risege Quantitéiten u bestoende Wierker trainéiert – dacks ouni kloer juristesch Basis. Musek, Texter oder Biller ginn analyséiert, kombinéiert a nei generéiert.

Fir d’Vanessa Jimenez Serrania, Spezialistin am Droit d’auteur, steet d’System virun engem Wendepunkt: "Engersäits hu mer méi Moyenen, fir ze kontrolléieren. Op der anerer Säit hu mer méi Infraktiounen. Déi nächst Jore wäerten definéieren, ob den Droit d’auteur sech un dës nei Technologien upasst – oder ob en ëmmer méi a Fro gestallt gëtt“.

Eng Fro vum Wäert

Ob Musek, Literatur oder digital Konscht: Den Droit d’auteur bleift d’Fundament vun all Kreatioun.

Mee an enger Welt, an där Contenu ëmmer méi séier a méi einfach accessibel ass, stellt sech eng fundamental Fro: Wéi vill ass eis Kreatioun nach wäert?

A genee dës Fro wëll och déi geplangte Sensibiliséierungscampagne vum Wirtschaftsministère an den nächste Wochen an de Mëttelpunkt stellen.

Back to Top
CIM LOGO