Laang goung d'Universitéitsbibliothéik zu Cambridge dovun aus, dass d'Bicher falsch klasséiert goufen. 2020 goufe se als geklaut gemellt. Lo si se rëm do.

Méi wéi 20 Joer no hirem Verschwanne sinn zwee original Notizbicher vum Evolutiounsfuerscher Charles Darwin an der Bibliothéik vun der Uni zu Cambridge opgedaucht. "Si gehéieren zu de bemierkenswäertsten Dokumenter an der Geschicht vun der Wëssenschaft", sot d'Bibliothéiksdirektesch Jessica Gardner. Virun hirem Büro goufen d'Bicher am Mäerz agewéckelt a rosa Kaddospabeier virun d'Dier geluecht. An engem vun de Bicher ass eng Skizz vum berüümte Liewensbam vum Darwin aus dem Joer 1837 ze gesinn.

Et géing der Bibliothéik immens vill bedeiten, datt d'Bicher rëm do sinn. Et wiere souguer "Tréine gelaf". Nodeems d'Wierker am Joer 2000 an der Bibliothéik offotograféiert gi waren, ass 2001 opgefall, datt si net méi op hirer Plaz stéingen. Laang war een dovun ausgaangen, datt se falsch zréckgestallt goufen an huet d'Notizbicher, déi a Lieder gebonne sinn, tëscht den zéng Millioune Bicher, Kaarten an aner Manuskripter an der Bibliothéik gesicht. Eréischt 2020 huet d'Direktesch d'Bicher bei der Police als geklaut gemellt. D'Autoritéiten hunn eng Enquête lancéiert, déi och nodeems d'Notizbicher erëm do sinn, weidergoe soll.

RTL

© Stuart Roberts / University of Cambridge / AFP

Et ass awer ëmmer nach net gewosst, wou d'Wierker 20 Joer laang waren a wie se aus wéi engem Grond Ufank Mäerz - mat Ouschterwënsch fir d'Bibliothekärin - zréckbruecht huet. De Beräich, an deem d'Tut fonnt gouf, ass net vun Iwwerwaachungskameraen ofgedeckt, Opname vun anere Beräicher vun der Bibliothéik kéinten allerdéngs Hiweiser liwweren.

Et wier wierklech mysteriéis, sot d'Direktesch vun der Bibliothéik. Am Summer solle déi vermëssten a gutt erhalen Notte vum berüümte Fuerscher, dee wesentlech zu der Evolutiounstheorie bäigedroen huet, fir de Public an enger spezieller Ausstellung ze gesi sinn.