Schonn zanter 28 Joer ass den Nirvana-Sänger dout, ma elo kënnt eng ikonesch Gittar vun him ënnert den Hummer. Den Erléis soll u psychesch krank Leit goen.

Eng blo E-Gittar, op där de Kurt Cobain ënnert anerem den Hit "Smells Like Teen Spirit" gespillt huet, gëtt an den USA versteet. Dat ikonescht Museksinstrument wier eent vun den iwwer 1.200 Stécker vu verschiddene Kënschtler, déi am Kader vun enger dräi Deeg laanger "Music Icons"-Stee Enn Mee zu New York ugebuede gëtt.

D'Gittar, eng 1969er Fender Mustang Competition, kéint Schätzunge vum Auktiounshaus Julien's Auctions no 800.000 Dollar, also ronn 736.000 Euro, abréngen. Et wier déi éischte Kéier, datt d'Instrument vum Kurt Cobain ënnert den Hummer kënnt. Een Deel vum Erléis soll un eng Hëllefsorganisatioun fir psychesch krank Leit goen.

Den Nirvana-Sänger hat op där Gittar am Museksvideo fir den Hit "Smells Like Teen Spirit" vun 1991 gespillt. Legendär war dat Lidd duerch dat tragescht Liewe vum Museker ginn, dee sech 1994 mat 27 Joer d'Liewe geholl hat.

Weider "Cobain"-Erënnerungen, déi ënnert dem Hummer kommen, si säin Dodge Dart-Auto (Schätzwäert bis zu 600.000 Dollar) vun 1965er a säi Skateboard (Schätzwäert bis zu 40.000 Dollar).

Am Juni 2020 hat d'Auktiounshaus Julien's Auctions mat enger Gittar vum Kurt Cobain en Auktiounsrekord opgestallt. Seng legendär Martin D-18E Akustik-Elektrogittar aus dem Joer 1959 gouf fir gutt sechs Milliounen Dollar versteet. Op där hat hien 1993 bei sengem "MTV Unplugged"-Optrëtt zu New York, fënnef Méint viru sengem Doud, gespillt.

RTL

Dem Kurt Cobain seng Martin D-18E Akustik-Elektrogittar aus dem Joer 1959 gouf fir sechs Milliounen Dollar versteet. / © AFP Archiv