Zwee Joer um Stéck huet dat bekannte Festival misse wéinst Covid-19 ofgesot ginn. Fir de Comeback dëst Joer gëtt et e Line-up, dee keng Wënsch oppe léisst.

Endlech nees zesumme feieren, danzen a sangen: dat hu sech Museksfrënn aus der ganzer Welt geduecht, déi e Freideg bei der Erëffnung vum Coachella-Festival an der Wüüst a Kalifornien dobäi waren. Fir gutt Laun huet déi brasilianesch Sängerin Anitta zesumme mam Snoop Dogg a Saweetie gesuergt. Den Haapt-Act war um éischten Dag de Popstar Harry Styles.

Nieft dem Billie Eilish gehéiere bei der Editioun 2022 och Doja Cat a Megan Thee Stallion zu den Headliner. E Sonndeg stinn The Weeknd a Swedish House Mafia zesummen op der Bün. Si goufe kuerzfristeg als Acts annoncéiert, nodeems de Rapper Kanye West säin Optrëtt virun e puer Wochen ofgesot hat.

De Coachella-Festival, dee sech iwwer zwee Weekender am Abrëll zitt, gëllt als ee vun de beléiftste Festivalle weltwäit.

No enger erfollegräicher Editioun 2019 huet de Coachella missen 2020 an 2021 wéinst der Corona-Pandemie annuléiert ginn. Dëst Joer ass et dann nees sou wäit. D'Organisateuren erwaarde sech honnertdausende Visiteuren.

Ouni Mask an ouni Sécherheetsmesuren hunn d'Leit e Freideg am typesche Coachella-Look mat Blummekränz um Kapp, Neonsfaarwen a Glitzer gefeiert. Wien awer wëll op Nummer sécher goen, ka sech an enger vun den zwou Corona-Teststatiounen teste loossen.

175 Bands confirméiert: Line-up am Iwwerbléck: