Den US-Rapper huet op Twitter annoncéiert, datt hie Mëtt Mee een neien Album rausbréngt.

Nodeems et länger Zäit éischter roueg ëm de Kendrick Lamar war, huet den US-amerikanesche Rapper e Méinden op Twitter annoncéiert, datt hien den 13. Mee en neien Album rausbrénge wäert. Den Titel ass "Mr. Morale and the Big Steppers". Et wier deen éischten Album vum 34 Joer ale Rapper zënter 2017.

2018 hat hie fir säi véierten a bis elo leschte Studioalbum "DAMN" de Pulitzer-Mediepräis gewonnen. Zënterdeem ass de Lamar virun allem duerch Filmmusek opgefall. 2019 gouf hien nämlech fir d'Lidd "All the Stars", dat Deel vum Soundtrack vum Science-Fiction-Film "Black Panther" war an dat hien zesumme mat der R&B-Sängerin SZA opgeholl huet, ënnert anerem fir en Oscar an e Grammy nominéiert.

An der Vergaangenheet gouf et well méi dacks Gerüchter iwwert nei Projete vum Lamar, déi sech dono als falsch erausgestallt hunn. E konkreten Datum an Titel schéngen awer drop hinzedeiten, datt et dës Kéier méi seriö ass.