Gemeng vum Mount: Beetebuerg a CCPHVA
Um Mëttwochowend huet Péiteng hir symbolesch "Fakel" u Beetebuerg an déi 8 franséisch Partnergemenge weidergereecht.
Genau wéi Péiteng huet och Beetebuerg sech dofir decidéiert, hiren Traditioune weiderzegoen. Sou dréit bei hinne sech also den nächste Mount ëm hire Liesfestival "LiteraTour". Dee gëtt et elo schonn zanter 10 Joer a fir dee Jubiläum ze feieren, huet ee sech e puer ganz speziell Projeten ausgeduecht. Zum Beispill gëtt de Ris aus dem Beetebuerger Park zum Protagonist vum Andy Genen a Lucien Czuga hirer neier BD a mécht sech zu Beetebuerg op d’Sich nom Däumling.
Wéinst der Pandemie hu si bal zwee Joer fir dës BD gebraucht, also duebel sou laang wéi dat normalerweis de Fall ass. Dobäi koum nach, dass et schwéier war, dem Gréisstenënnerscheed tëschent deene verschiddene Personnage um Blat gerecht ze ginn.
Den Ament ass d'BD "De Ris geet op d'Rees" am Drock. Am Ganze ginn 9.500 Exemplairë gedréckt, wouvunner der 5.000 op Lëtzebuergesch, 3.000 op franséisch an 1.500 op englesch wäerte sinn. Desweideren hätt ee sech dofir entscheet, d'BD ganz op recycléiertem Pabeier ze drécken an d'Faarf, déi genëtzt gëtt, ass aus natierlecher Hierkonft.
"De Ris geet op d'Rees" ass awer net dat eenzegt Buch wat elo erauskoum. Den 8. Abrëll huet d'Beetebuerger Jugendhaus bei enger éischter Soirée Littéraire hiert neit Buch "Go Fogo" presentéiert. Den Titel passt hei wéi d'Fauscht op d'An. Am Buch geet et nämlech ëm hir Rees op Fogo, Cap Vert, déi si virun zwee Joer ënnerholl hunn, fir de Jonke sur-place ze hëllefen, eng Schoul ze renovéieren.
Den nämmlechten Owend kruten d'Leit och e multi-disziplinäre Spektakel gebueden. Dee gouf vum Yazir Abladi a Claudine Fages, zwee Educateure vum Beetebuerger Jugendhaus, organiséiert. Vue dass si réischt ausgangs Januar de Spektakel lancéiert hunn, wier den Zäitdrock net z'ënnerschätze gewiescht. Da kënnt nach dobäi, dass et fir déi meescht vun de Jonken déi éischte Kéier war, dass si op enger Bün stoungen.
D'Konzept fir de Spektakel hu si all zesummen ausgeschafft. Am Laf vum Owend huet all Jonke 4 Texter virgedroen, déi e sech selwer ausgesicht huet. Dertëschent sinn e puer professionell Dänzer opgetrueden an et gouf Theater gespillt.
Dëse Weekend gëtt zu Beetebuerg och de bekannte Buchpräis „Prix Laurence“ u jonk Nowuesstalenter verginn. A mir kënnen nach bis Enn Mee vum “LiteraTour” profitéieren. Méi Informatiounen zu deene verschiddenen Evenementer fannt dir op hirem Site oder um Site vun Esch2022.