Deem eng oder anere Bicherwuerm si se sécher schonn opgefall. Ëmmer méi dacks gesäit een an de Fënstere vu Librairë Manga-Bicher leien.

Mat hirem ganz eegene Stil hu Mangae scho vill Fans fir sech gewonnen. Elo erliewe si och hei zu Lëtzebuerg en neien Hype. Dat virun allem duerch déi sozial Medien.

Ma egal, ob Jonk oder Al. A Japan sinn d'Mangaen zanter ville Generatioune ganz beléift. D'Zeechner dohannert heeschen "Mangaka". Zu deene gehéiert och d'Kënschtlerin Sabrina Kaufmann. Am léifste moolt si hir Kreatiounen op der Hand a scannt se dono an, fir méi delikat Detailer zeechnen ze kënnen.

„Ech hu vu klengem un ëmmer scho gäre gemoolt a Geschichte geschriwwen. A mat de Mangaen hunn ech effektiv decidéiert, dass ech dat konnt zesumme kombinéieren. Et war wierklech mäi Liewenszil, e Buch ze maachen. Mat 14 Joer hunn ech dunn dat éischt Buch erausbruecht an dono ëmmer weidergemaach. Bis ech du mat 17 Joer eben Independant gi sinn."

Schonn am 8. Joerhonnert hu Buddhistesch Mënschen déi éischt Manga-Figuren op Pabeiersrulle gezeechent. D'Bicher sinn en bedeitenden Deel vun der japanescher Literatur. Gelies gi se vun hannen no vir, a vu riets no lénks.

Den Ausdrock Manga setzt sech aus zwee japaneschen, sougenannte Kanji-Zeechen zesummen. D'Zeeche "Man" ka fir fräi, ouni Zwang, spontan a komesch stoen. "Ga" heescht dogéint einfach Bild oder Zeechnung. Et ass de japanesche Begrëff fir Comic.

RTL

© Illustrated Fairytales

Donieft ginn et och animéiert Serien a Filmer am Manga-Stil, déi "Anime" genannt ginn. Ma anescht wéi beim Anime sinn d'Biller vu Mangae gréisstendeels schwaarz-wäiss. Dat wéinst dem soss ze héijen Zäitopwand. Dofir gëtt meeschtens just de Cover vum Buch faarweg gemoolt. Charakteristesch fir d'Mangafigure sinn awer virun allem déi grouss Aen. Doduerch schéngen d'Zeechefigure séiss a gi vum Lieser als sympathesch empfonnt.

Rezent schafft d'Sabrina och rëm un engem neie Buch a finanzéiert den Drock selwer duerch Crowdfunding.

Mëttlerweil schaffen ech un menger ganz neier Serie 'Illustrated Fairytales'. Et si Märercher vu Grimm a vun Andersen, wou ech säit 2016 dru schaffen. Ee Kapitel ass gläich ee Märchen, wou dann eng kleng historesch Analys mat dobäi ass."

Bis säi Buch erauskënnt, dauert et net méi sou laang. A bis dohi kann ee sech vun der Fantasiewelt duerch deen een oder anere Manga verzaubere loossen.