Dëst ass déi éischten Editioun vum sougenannte "Merlettëfest", wärend deem dann och een Dag "Messtival" speziell mat lokalen a jonke Kënschtler ass.

De gratis Festival zu Reckeng op der Mess zitt sech iwwer 3 Deeg, dat um Weekend vum 6. bis den 8. Mee 2022.

Am Mëttelpunkt dovunner steet wuel definitiv de "Messtival", dee Samschdes de 7. Mee um 14 Auer ufänkt a op deem Museker a Kënschtler live optrieden, déi vum Lëtzebuerger Rapper MAZ speziell fir dëse Festival ausgewielt goufen. Hien huet also souzesoen de Line-Up vum Festival kuréiert, bei deem thematesch déi progressiv gesellschaftlech Wäerter zelebréiert ginn, heescht et am Communiqué vum Festival. De jonke Lëtzebuerger Rapper "MAZ", deen och zu Reckeng op der Mess opgewuess ass, huet zesumme mat der Gemeng Reckeng dru geschafft, dëse Festival op d'Been ze stellen.

De Line-Up vum Festival de 7. Mee besteet konkret aus folgende Kënschtler: MAZ, CHAILD, PLEASING, JAMBAL FEST. CULTURE THE KID, NAOMI AYÉ, HIP-HOP CYPHER FEAT. STA & SHMOGAN SHOGAN/MELLOW/DUSTY D/ZAZA, DJ SPUDBENCER & MATHIASTREINEN AKA KITCHENGUARD.

Aktivitéite an Informatiounen ginn et dann deen Dag passend zu Themen wéi Diversitéit an Inclusioun, dat vun Associatioune wéi Rosa Lëtzebuerg, Journée internationale de la femme, natur&ëmwelt, PIPAPO, Réseau Psy, Hip Hop based Education Luxembourg, Éilenger Konschtwierk. De Lëtzebuerger Podcast "paus." wäert da live op der Plaz eng Emissioun ophuelen.

RTL

Ma och virun an nom Messtival ass awer natierlech Programm ugesot: Freides ass vu 17 Auer un en Afterwork am Duerf mat live Musek a lokale Kënschtler, Sonndes ab 12 Auer a "Multikulti" ugesot, wou Natioune vun der ganzer Welt hier Länner respresentéieren a lokal Traditiounen virstellen an ubidden. Den Entrée fir déi 3 Deeg ass wéi gesot gratis.

Weider zousätzlech Informatiounen an Detailer ginn et um offizielle Site vun der Gemeng, op Facebook an op Instagram.