Nei Saison 2022-2023 virgestallt

© Philharmonie Luxembourg ( Alfonso Salgueiro)
Et war déi éischte Kéier zënter dräi Joer, datt d'Philharmonie hir nei Saison nees am Présentiel virgestallt huet.
Dat verweist dann och symbolesch op eng Saison, déi nees gutt gefëllt ass a fir déi bekannte Museker a Weltstaren, wéi LangLang, Sir Simon Rattle, Gregory Porter, Angélique Kidjo oder Kyle Eastwood ureese sollen. Donieft behält een aus de schwéiere Pandemie-Zäiten awer och vill Erfarungswäerter zeréck, Stéchwierder wéi Flexibilitéit an Digitaliséierung sinn net vergiess.
"Ensemble au coeur de la musique" ënnert deem Motto ass en Dënschdeg déi nei Saison presentéiert ginn, eng bei där een hofft, datt se och esou kann duerchgefouert ginn, wéi geplangt. Déi zwee lescht Joer hate pandemiebedéngt natierlech villes op d'Kopp geheit. Ouni de Support vum Kulturministère an alle Kultusparten hätt och d'Philharmonie net kënne bestoen. Mee de Merci gëtt d'Kulturministesch Sam Tanson och zeréck.
Gespuert huet musse ginn, deemno sinn oppe Plazen, ënner anerem am Orchester net nei besat ginn. Dat soll sech elo awer nees änneren. Och d'Plange vun der neier Saison bitt gréisser Erausfuerderungen. D'Kënschtler, déi jo laang keng Garantie haten, sinn elo nees normal gebucht, sou den Direkter Stephen Gehmacher.

© Philharmonie Luxembourg ( Alfonso Salgueiro)
Nieft der Flexibilitéit ass och d'Digitaliséierung en Element ginn, dat bleift. De Stream huet vrun allem um edukativem Plang mat de Schoule gutt geklappt. De Stream vu Concerten huet awer net onbedéngt neie Publikum bruecht. Mee dat Digitaalt soll an Zukunft e bessere Service bréngen, eng Begleedung vum Visiteur vun deem Moment un, wou en en Ticket kaaft huet.
D'Saison fänkt natierlech u mam OPL ënnert der Direktioun vun hirem Chef Gustavo Gimeno, mä grouss international Nimm si wéi ëmmer op der Affiche: Sir Simon Rattle, Cecilia Bartoli, Anne-Sophie Mutter, Lang Lang, Gregory Porter, Angélique Kidjo. Et ginn och dräi Residenze fir den Dirigent Sir John Eliot Gardiner, de Pianist Sir András Schiff an den New Yorker Jazz at Lincoln Center Orchestra mam Wynton Marsalis.
Och Lëtzebuerger Museker stinn am Programm: de Gast Waltzing dirigéiert dem Kyle Eastwood seng Filmmusek fir dem Papp Clint seng Filmer, de Francesco Tristano, de Pascal Schumacher an de Luc Grethen, deen dëst Joer d'Commande vum Kulturministère fir Lëtzebuerger Komponiste kritt huet.
De Programm vun der Saison 2022-2023
De Choix ass grouss fir e Publikum vun zwee Joer un. Ze entdecken an ze bestellen, vun elo un.