Den Atelier proposéiert hei am Summer, méi genee tëscht dem 4. a 9. September 2022 eng ganz Partie un internationale Museker a Kënschtler.

Lancéiert gëtt de Festival mat engem Act fir déi méi kleng Spectateuren, dat mat Peppa Pig LIVE! am Amphitheater de 4. September. De selwechten Dag ass dann och d'POND Opening Party zesumme mat Ultraschall.

Weider geet et dann de 5. September mam Multiinstrumentalist Yann Tiersen. Den Dag drop, also de 6. September ass et dann um Tash Sultana, engem Singer-Songwriter, Produzent an och Multiinstrumentalist.

Online kritt een d'Ticketen um Site vum Atelier!

RTL

© Atelier

De 7. September dann ass et um Tom Walker, engem Soul-Museker, deen a Schottland gebuer gouf an zu Manchester opgewuess ass. Hien ass ënnert anerem fir seng Lidder "Leave a Light On" and "Just You and I" bekannt.

Zwee Deeg drop, den 9. September ass et da schlussendlech um Fritz Kalkbrenner, dee jo zesumme mat sengem Brudder eng absolutt Gréisst an der elektronescher Musek ass an de Kierchbierg wäert mat House, Techno a Pop verwinnen.

D'Optrëtter wäerter am Amphitheater Park Kirchberg sinn, d'Tickete ginn de 6. Mee 2022 um 10 Auer moies an der Verkaf. Online kritt een d'Ticketen um Site vum Atelier!

RTL