Um Europadag, den 9. Mee, war an der Philharmonie e Beneficeconcert, wou den Erléis fir humanitär Organisatiounen an der Ukrain ass.

Museker aus Lëtzebuerger Orchesteren hu sech dem Luxembourg for Peace Orchestra ugeschloss an dem Choeur de Chambre de Luxembourg, deen de Concert organiséiert.

Jidder Artist huet seng Contributioun gratis an den Déngscht vun der Saach gestallt. Um Programm stoung déi 9. Symphonie vum Beethoven.

"Freude schöner Götterfunken", dat ass de finale Chouer aus der 9. Symphonie vum Beethoven. An dat ass och gläichzäiteg d’Europahymn. Besser geet et net fir den Europadag ze feieren a gläichzäiteg engem Land ze hëllefen, an deem onbeschreiflech Leed ass wéinst dem Krich.

Den Antonio Grosu, Chef vum Chœur de Chambre de Luxembourg, hat d’Iddi vun deem Concert, war awer gläichzäiteg iwwerrascht, wéi vill Museker an Organisatioune sech bereet erkläert hunn, matzemaachen.

Dee berüümten Dirigent Leonhard Bernstein huet déi 9. Symphonie 1989 zu Berlin dirigéiert, nodeems d’Mauer gefall war. Hien huet sech deemools erlaabt, dat Wuert "Freude" duerch dat Wuert "Freiheit" ze ersetzen. De Beethoven géing him dat bestëmmt verzeien, sot de Bernstein. Nun, d’Ukrainer hätte sécher och zougestëmmt wann d’Wuert "Freiheit" a ganz Europa géing ugestëmmt ginn. Déi 9. Symphonie hält op wann de Chouer an den Orchester sech mat dem Text "Ode an die Freude" zu engem grandiose Schluss eropzéien. Et ass de Message un all d'Mënschen de gudde Wëllen ze hunn, sech a Bridderlechkeet zesummen ze fannen. Dat huet de Beethoven viru bal 200 Joer scho vermëttelt.