Déi US-amerikanesch Death Metal-Band ass eng vun de wichtegste Bands am Genre an huet dësen zënter Ufank den 2000er mat definéiert.

De Leadsänger a Grënner vun The Black Dahlia Murder ass mat nëmmen 41 Joer gestuerwen, dat mellt d'Band e Mëttwoch op de soziale Medien. "Mir deelen iech mat déiwer Trauregkeet mat, dass den Trevor Scott Strnad vun eis gaangen ass", sou d'Bandmemberen an engem Statement.

Hie wier en extrem frëndlechen e léiwe Mënsch gewiescht, e Schrëftsteller an ee vun de gréissten Entertainer vun der Welt, esou d'Band weider.

Den Trevor Strnad huet d'Band am Joer 2001 zu Waterford am Michigan an den USA forméiert a war zesumme mam Guitarist Brian Eschbach bis zum Schluss als Grënnungsmember dobäi. The Black Dahlia Murder gehéiert zu de wichtegste Vertrieder aus dem Death Metal an Deathcore an hunn zënter Ufank den 2000er de Genre matentwéckelt a deelweis souguer definéiert.

Iwwert d'Grënn vum fréien Doud vum Sänger, gouf offiziell net bekannt ginn. D'Band schreift allerdéngs zum Schluss vun hirem Post op de soziale Medien d'Nummer vun der National Suicide Prevention Lifeline, wat eventuell op Selbstmord schléisse kéint.

Locust-Drummer mat nëmme 44 Joer kuerz virdru verscheet

Fir déi méi haart Metal- a Rockzeen war et en traurege Mee, well eréischt viru knapp enger Woch de Gabe Serbian, Drummer vun US-Kultbands wéi The Locust a Cattle Decapitation mat nëmme 44 Joer gestuerwen ass. Och dëst gouf vun der Band op de soziale Medien confirméiert. The Locust gehéieren zu de Pionéier vum moderne Noise- a Grindcore.

Informatiounen, wéi et zu sengem Doud komme konnt, ginn et nach keng.