D'Sängerin, déi joerzéngtelaang als déi beschte Mezzosopranistin op der Welt gezielt huet, ass e Freideg zu San Lorenzo del Escorial bei Madrid gestuerwen.

Dëst mellen d'Famill vum Berganza an de spuenesche Kulturministère.

D'Sängerin gouf schonn an de 50er Jore fir hiert Talent héich gefeiert an huet ënnert anerem am Teatro Real zu Madrid, an der Scala zu Mailand, an der Wiener Staatsoper, am Covent Garden zu London oder zu New York am Met Opere vu Mozart, Rossini a Bizet gesongen.

RTL

© ILAN GARZONE / AFP

Niewent villen Auszeechnungen a Präisser, dat op nationalem an internationalem Terrain, gouf si 1994 dann als éischte Fra Member vun der kinneklecher Konscht-Akademie a Spuenien.

Ënnert anerem ass d'Operesängerin och 1992 bei der Ouverture vun den Olympesche Spiller zu Barcelona opgetrueden. 2008 huet si e Schlussstréch ënnert hir Karriär gesat.