No 2 Joer Livestream-Festival vun doheem aus, ass dëst Joer am August nees en traditionellen "e-Lake"-Festival um Iechternacher Séi.

Déi 27. Editioun vum "e-Lake festival" steet virun der Dier. Ewéi all Joer ginn um Site vum Festival direkt nieft dem Iechternacher Séi op 3 Deeg ganz verschidde Museksrichtunge ugebueden. Vu Rock, Pop, Rap, Ska oder Indie, fir jiddereen ass eppes gebueden.

De Festival huet sech dobäi vun Editioun zu Editioun weiderentwéckelt a suergt fir Begeeschterung wäit iwwert d'Lëtzebuerger Grenzen eraus. Iwwer 20.000 Visiteuren zitt et mëttlerweil op de Site. An dëst Joer, no 2 Joer pandemiebedéngter Paus soll de Buedem ronderëm den Iechternach Séi dann nees esou richteg un d'Wackele geroden.

E Freideg ass fir Bands a Kënschtler aus der Welt vum Hip-Hop a Rap dediéiert. Do fënnt ee Gruppe wéi "Die Orsons", "Antilopen Gang", ma och bekannte lokal Gruppe wéi "De Läb, Mutiny On The Bounty" an "Hunneg Strëpp".

E Samschdeg da kréien d'Visiteure wärend 12 Stonnen Elektrobeats zerwéiert. An do steet keen anere wéi de Star-DJ Paul Van Dyk op der Bün. Wiem dat net duergeet, dierf sech nach iwwer aner DJ-Sette vum Simon Patterson, Will Atkonson oder nach dem Waztoo freeën.

Um leschten Dag kommen d'Fans vun der Lëtzebuerger Musek op hir Käschte mat de Line-ups "Schëppe Siwen" an "Toxkäpp", a fir de relaxen Ofschloss stinn dann d'Reggae-Téin vu "Plemm Plemm Soundsystem" um Programm.

Den Entrée ass ewéi all Joer fräi. Fir d'Käschten ze decken, schaffen d'Organisateure mat Sponsoren zesummen. De Rescht gëtt duerch de Camping an de Verkaf vu Gedrénks a Merchandise-Artikele finanzéiert.