De Literatur-Interview-Format "Das Blaue Sofa" wäert den 13. Juni fir déi éischte Kéier op Lëtzebuerg kommen. Organiséiert gëtt dat Ganzt vu Bertelsmann.

Fir den erfollegräiche Format, bei deem 4 präisgekréint Auteuren aus Lëtzebuerg, Éisträich an Däitschland matmaache wäerten, fir hir Bicher virzestellen, huet sech Bertelsmann mat der Nationalbibliothéik zesummegedoen, wou d'Veranstaltung och wäert sinn. Invitéiert Auteure sinn d'Julia Holbe, de Samuel Hamen, den Daniel Wisser an d'Jenny Erpenbeck. Moderéiert gëtt dat Ganzt vum Susanne Biedenkopf a Michael Sahr vum ZDF, souwéi vum Lëtzebuerger Literaturkritiker Jérôme Jaminet vun RTL.

Zanter méi wéi 20 Joer zielt "Das Blaue Sofa" zu engem vun den erfollegräichste Literatur-Formater am däitschsproochege Raum. Fir hir Bicher virzestellen, hu bis ewell méi wéi 3.100 Auteuren um Kannapee Plaz geholl. Sou och deemnächst déi zwee Lëtzebuerger Auteure Julia Holbe a Samuel Hamen.

D'Julia Holbe presentéiert hiert Buch "Boy meets Girl" an de Samuel Hamen "Quallen", an deem hien eng Rees an d'Déiereräich ënnerhëlt.

Wien dobäi wëll sinn, soll sech Méindeg den 13. Juni um 19 Auer an der Nationalbibliothéik als Rendez-vous verhalen. D'Entrée ass gratis, mä awer sinn Ticketen zur Umeldung noutwenneg, déi een ënner tickettailor.com fënnt.