De Gast Waltzing sicht ëmmer rëm Bekanntes aus der Musekszeen, an een anert Liicht ze setzen.

De Lëtzebuerger Museker Gast Waltzing ass national an international bekannt. 2016 huet hien e Grammy Award kritt. De Gast Waltzing schafft reegelméisseg mam OPL zesummen. Déi lescht Woch ass den Orchestre Philharmonique du Luxembourg zesumme mat der japanescher Jazz-Sängerin Shiho an dem Gast Waltzing an der Philharmonie opgetrueden.

Jazzmusek héiert een traditionell a klengen Ensembelen: 3, 4, 5 Museker. Wann een déi selwecht Musek versicht, mat engem groussen Orchester erëmzeginn, ergi sech nei Klangwelten.

Déi japanesch Jazz-Sängerin Shiho ass an der internationaler Jazzzeen keng Onbekannten. Zënter 2016 schafft si geleeëntlech mam Gast Waltzing zesummen. An d’Resultat dervun ass ee Genoss fir d’Ouer.