"Eent ass sécher: Ech gesi mech an 10 Joer net méi an enger Situatioun wéi dëser", sot de Sänger vun der däitscher Punkrock-Band.

Den 59 Joer ale Museker huet géintiwwer der "Augsburger Allgemeinen" betount, hie wéilt keng Schlagzeilen iwwer en Enn vu senger Band maachen, déi dëst Joer hire 40. Jubiläum feiert mat enger grousser Tour. Awer "eent ass sécher: Ech gesi mech an 10 Joer net méi an enger Situatioun wéi dëser", sou de Campino.

Donieft huet hien am Interview verroden, dass hie sech net méi wéi de Jéngste fillt, mee heiansdo moies "éischter Richtung 80".

Trotz allem wieren déi 40 Joer "Die Toten Hosen" eng méi "verréckt Leeschtung" wéi säi 60. Gebuertsdag, dee virun der Dier steet, sot nach de Sänger.