De Frontmann Steven Tyler ass réckfälleg ginn an huet sech selwer fir en Entzuch entscheet, deelt d'Band op Instagram mat.

Am Virfeld gouf de 74 Joer ale Rocker um Fouss operéiert an hat Péngmëttel consomméiert, déi zu engem Réckfall geféiert hätten. D'Band wier "um Buedem zerstéiert", heescht et. Eng Partie Concerten, déi fir Juni a Juli zu Las Vegas geplangt waren, falen nämlech an d'Waasser. Am Kader vun der "Deuces Are Wild"-Show sollt Aerosmith eng Dose Concerte spillen.

De Steven Tyler hat an der Vergaangenheet oppen iwwer seng Suchtproblemer geschwat. 2009 gouf hie wéinst chronescher Péng an der Ofhängegkeet vu Schmäerzmëttel am Spidol behandelt.

1970 gouf d'Band Aerosmith gegrënnt. Zu hire bekanntste Lidder zielen ënnert anerem "Crazy", "Dream on", "I Don't Want To Miss A Thing", "Walk This Way" a "Cryin'".