Et sinn 3.500 Jugendlecher, déi de Weekend ee Grond hunn, op Lëtzebuerg ze kommen: Hir Léift zur Musek.

Jazz, Pop, Danz oder ganz klassesch - um Remix22 si ganz vill verschidde Museksstiler vertrueden. Et ass ee Festival, deen et scho fir déi 14. Kéier an Europa gëtt.

Am Kader vun Esch2022 ass de Festival dëst Joer zu Lëtzebuerg. 1.500 Schüler aus Lëtzebuerger Museksschoulen hunn d'Chance matzewierken um Programm. Dee geet iwwer 3 Deeg, et si ronn 400 Concerten an déi grouss Ouverture ass um Donneschdeg den Owend an der Rockhal. D'Entrée ass fräi.

Alleguerten d'Programmpunkte fannt dir hei!

Virun allem geet et ëm den Echange tëscht de Museker aus de verschiddene Länner an awer och tëscht professionelle Museker an deene Jonken aus de Museksschoulen. Esou gouf och extra en neien Orchester gegrënnt fir de Festival. D'Hallschent vun de Museker si Jonker, déi aner Hallschent si Professioneller aus dem Orchestre de Chambre du Luxembourg.

Fir vill vun hinnen ass et déi éischte Kéier, dass si op esou enger grousser Bün spille kënnen. Schëller u Schëller mat Professionellen an Museker aus ganz Europa. Fir vill vun hinnen ass et een eemolege Projet. Ëmmerhin ass et net all Joers de Fall, dass déi europäesch Kulturhaaptstad am Grand-Duché ass.