40 Joer no hirer Trennung ass déi schweedesch Kultband nees zeréck. D'Concerte wäerten allerdéngs anescht oflafe wéi deemools.

E Freideg wäerten d'Fans d'Agnetha Fältskog, de Björn Ulvaeus, de Benny Andersson an d'Anni-Frid Lyngstad net wéi erhofft live op der Bün erliewen, mä just hir digital Hologrammen a Glitzerkostümer gesinn. Et hätt een esou vill Häerz a Séil an dës Avatare gestach, dass si vun elo un iwwerhuele wäerten, sou de Sänger Björn Ulvaeus kuerz virun der Première. Pläng fir richteg Concerten hätt d'Band net.

No jorelaange Spekulatiounen hat d'Band hire Comeback-Album am September annoncéiert. Mat "I Still Have Faith In You" an "Don't Shut Me Down" haten Abba direkt zwee nei Lidder verëffentlecht. Den Album "Voyage", deen am November op de Marché komm ass, huet bannent kierzter Zäit d'Charts a ville Länner gestiermt.

Nieft dem neien Album wäert et och eng Hightech-Show ginn. Vun e Freideg u wäerten d'Stëmme vun den Abba-Sänger zu London ze héiere sinn, ma vun de Kënschter feelt op er Bün allerdéngs all Spuer. Amplaz vun hinne wäerten déi sougenannten "Abbataren" fir Stëmmung suergen. An hirer digitaler Versioun gesinn déi véier Sänger a Sängerinnen aus Schweden, déi mëttlerweil iwwer 70 Joer al sinn, nach sou aus wéi an de 70 Joren, den Héichpunkt vun hirer Karriär. Begleet ginn d'digital Hologramme vun enger Live-Band.

An engem Interview huet den Ulvaeus vun engem vun de "gewootste Projeten" geschwat, déi et "jeemools an der Museksindustrie" gouf. Hie weess net, wéi d'"Abbataren" bei de Fans ukomme wäerten, awer hien hofft, d'Fan-Communautéit iwwerzeegen ze kënnen.

Mat Lidder wéi "Dancing Queen", "Waterloo" an "Mamma Mia" gouf déi schweedesch Band weltbekannt. Si hu bannent de leschte 50 Joer iwwer 400 Milliounen Albe verkaf. Am Joer 1982 hat sech d'Band opgeléist, nodeems sech d'Koppele scheede gelooss hunn.