D'brittesch Band Depeche Mode huet bekannt ginn, datt hire Keyboarder Andy Fletcher gestuerwen ass.

An enger Erklärung, déi d'Band op Twitter publizéiert huet, heescht et: "Mir si schockéiert a voller Trauer iwwert de fréizäitegen Doud vun eisem léiwe Frënd, Familljemember a Bandkolleeg Andy "Fletch" Fletcher." Hir Häerze wiere bei senger Famill a si bieden d'Fans, an dëser schwéierer Zäit u si ze denken an hir Privatsphär ze respektéieren.

Den Andy Fletcher war vum Ufank an den 80er Jore bis haut e feste Member vun der Museksgrupp. D'Ursaach vum Doud vum Museker ass bis ewell net bekannt.

Quand Depeche Mode jouait au Luxembourg
En 1982, Depeche Mode, encore au début de sa longue carrière, venait au Luxembourg jouer devant 250 passionnés de musique. Un concert filmé par RTL !