Mol keng Woch méi virum beléifte Famillje-Festival um historesche Site vum Schiefermusée zu Uewermarteleng ginn et elo lescht Detailer.

Net manner wéi 20 Bands stinn op den 2 Deeg vum "Koll an Aktioun" op der Bün a suerge fir déi musikalesch Ënnerhalung, dorënner Mutiny on the Bounty, Hunnep-Strëpp, Hannah Ida, The Brums oder nach Nicoool, fir der just e puer ze nennen.

Nieft Musek ka sech awer och de kulturelle Programm weise loosse mat Ausstellunge vun ënner anerem der Communautéit "Artists Support Ukraine Foundation (ASU)", mä och lokale wéi och internationale Kënschtler. Natierlech ginn et Workshoppen, an dat fir Grouss a Kleng, a fir de kulinaresche Genoss ass donieft wéi gewinnt beschtens gesuergt.

Méi Detailer an Informatioune fannt Dir am Schreiwes vun den Organisateuren.