D'Krankheet vun den dausend Gesiichter ass eng chronesch Krankheet. Zu Lëtzebuerg hunn tëschent 600 an 1.000 Persoune Multipel Skleros.

Weltwäit sinn 2,8 Millioune Mënsche vu Multipel Skleros betraff. Et ass eng Krankheet, déi och "Krankheet vun den 1.000 Gesiichter" genannt gëtt, well et eng ganz Panoplie vu Symptomer ginn, dorënner Problemer mam Gläichgewiicht, Muskelzuckungen, motoresch Problemer oder Problemer mat der Siicht. Ganz dacks gesäit een et dem MS-Patient net of an och d'Ëffentlechkeet weess net ganz vill vun där chronescher Krankheet, där hir Diagnos engem säi ganzt Liewe verännert. Heelbar ass se nämlech net.

Zanter 40 Joer mécht d'Associatioun MS Lëtzebuerg op d'Krankheet opmierksam. Et géingen awer nach ëmmer Tabue ronderëm d'Sclérose en plaques ginn, besonnesch an der Aarbechtswelt, seet d'Presidentin vu bis elo Tilly Metz.

Extrait Tilly Metz

"Déi Leit hu wuel eng onsiichtbar Krankheet ganz oft an déi och ganz ënnerschiddlech evoluéiere kann, mee déi liewe ganz bewosst a si ganz motivéiert. Et muss een ebe just unerkennen, datt se eben zum Beispill Deeg hunn, wou se eng grouss Fatigue hunn, dat kann eng Woch esou sinn, déi aner Woch esou, an dat ass elo keng Fatigue, déi mir hunn, wa mir op den Tour ginn, mee wierklech eppes, ça se casse."

Um Weltdag vun der Multipel Skleros e Méindeg huet MS Lëtzebuerg op enger Pressekonferenz Bilan vun hirer Aarbecht gezunn an huet op d'Prioritéite fir d'Zukunft gekuckt, mat hirer aler Presidentin Tilly Metz an der neier Presidentin Mandy Ragni.

E Grupp vu Lëtzebuerger an däitschen MS-Betraffenen huet sech dofir och eppes ganz Spezielles afale gelooss. Si ginn e Méindeg den Owend hir Première als Gospel-Chouer.