Wéinst der Pandemie konnt de "Koll an Aktioun" déi lescht zwee Joer net a gewinnter Form am "Musée de l'Ardoise" zu Uewermaartel ofgehale ginn.

Also gouf ëmgeduecht an de "Koll an Aktioun" an en online Format ëmgewandelt ginn. Niewent engem Livestream an enger Kollaboratioun mam Radio 100,7 hunn d'Organisateure sech fir 2020 eppes ganz Spezielles afale gelooss.

"Mir wollte wierklech, dass d'Leit d'Gefill hunn, dass se en Deel vun eisem Festival sinn. Dofir hate mir 'Package' proposéiert, wou d'Leit e Béier kruten, deen extra fir eis gebraut gouf, Wäiner, déi och fir eis gemaach goufen, Instruktiounen, fir Ateliere mat hire Kanner Doheem nozemaachen an d'Rezepter zu verschiddene Kult-Gerichter, déi et hei z'iesse ginn, ewéi eise Koll Kebab", erkläert d'Gina Árvai, dat schonn zanter 2006 als Benevole mathëlleft, de Festival op d'Been ze stellen.

Obschonns dat eng flott Erfarung gewiescht wier, ass een awer immens frou, dass de Festival dëst Joer rëm kéint a senger gewinnter Form ofgehale ginn. Fir dës 7.Editioun sinn eng ganz Partie Concerten - ënner anerem vu Mutiny on the Bounty, Hunneg-Strëpp, Hannah Ida, Nicool a My Baby - eng Ausstellung, Workshoppen an Atelieren, Zirkus-Performancen a Kannershowe geplangt. Déi ganz Programmatioun gëtt et op hirem Site.

Wéi sech dat fir e Festival gehéiert, ass fir Iessen a Gedrénks natierlech gesuergt. Wéi och schonn a virege Jore gëtt hei vill Wäert op ëmweltfrëndlech Alternative geluecht. Deemno gëtt aus Glieser an d'Iessen a Behälter a Couverten, déi erëm benotzt kënne ginn, zerwéiert.

Iwwregens ass dat hei déi éischte Kéier, dass Bünen a Gebaier um Site ënnerkoumen. D'Wieder ass dëse Weekend also keng Excuse fir net laanscht luussen ze goen.