Fans dierfe sech freeën: 30 Joer nom Doud vum Freddie Mercury erschéngt nei al Musek vu Queen.

Nei ass "Face It Alone" u sech net, well et nach aus der gemeinsamer Zäit mam Freddie Mercury staamt, allerdéngs gouf d'Lidd bis ewell nach net verëffentlecht. Entstanen ass et aus de Sessions fir hiren 13. Studioalbum "The Miracle" (1989). Laang Zäit ware si der Meenung, dat onvollstännegt Stéck net retten ze kënnen, ma et wier hinne gelongen, sou de Gittarist Brian May, deen d'Museksstéck als "klenge Bijou vum Freddie" beschreift. E "ganz leidenschaftlecht Stéck", huet de Batteur Roger Taylor ergänzt.

Am Interview mat BBC hunn de Brian May a Roger Taylor annoncéiert, "Face It Alone" am September erauszebréngen. Am Kader vun de Festivitéite ronderëm de 70. Trounjubiläum vun der Queen Elizabeth II. si béid Museker de Weekend iwwer zesumme mam Adam Lambert virum Buckingham Palace opgetrueden.