Bei de Bréiwer, déi en Donneschdeg zu Paräis versteet ginn, handelt et sech ëm d'Sammlung vum fréiere Wëssenschaftler a Literaturfrënd Jean-Luc Mercié.

Dat huet d'Auktiounshaus Cornette de Saint-Cyr matgedeelt. Ugebuede gi Bréiwer ënner anerem vum Victor Hugo, Gustave Flaubert, Honoré de Balzac a Stendhal.

De Victor Hugo, Auteur vun "Notre-Dame de Paris", huet an engem Bréif vun 1866 géint d'Neesaféiere vun der Doudesstrof zu Jersey argumentéiert. De Reaktionäert hätt sech kënnen duerchsetzen, huet sech den Hugo beklot. De geschate Wäert vum Bréif läit tëscht 8.000 an 10.000 Euro.

De Gustave Flaubert huet sengersäits senger fréierer Affär Louise Colet iwwer seng Aarbecht um Roman "Madame Bovary" bericht. "Keng Poesie, keen déift Nodenken, den Auteur ass net present. Dat wäert traureg ze liese sinn", sou seng selbstkritesch Äusserung iwwert de Roman, dee spéider zu engem vu de gréisste Wierker an der Weltliteratur gouf. De Wäert vum Bréif gëtt op 15.000 Euro geschat.