Déi lescht Woch war zu Paräis de "Marché de la Poésie" mat als Gaaschtland Lëtzebuerg.

Et war dëst eng Première fir de Grand-Duché an domadder d’Méiglechkeet, fir 5 Deeg laang Lëtzebuerg a seng poetesch Oder an de Virdergrond ze stellen.

An deem Kader hu mer Lëtzebuerger Poeten, Editeuren an Artisten an déi franséisch Haaptstad begleet. Och d’Kulturministesch Sam Tanson war ënnert deene 50.000 Visiteuren.

Ënnert de Poete waren de Lambert Schlechter an de Florent Toniello. Si sinn aus dem Grand-Duché ugereest, fir zu Paräis op der Place Saint-Sulpice um Marché de la Poésie deelzehuelen. Och déi 39. Editioun ass e Rendez-vous fir all Poesie-Begeeschterten an eng Delegatioun vun 12 Lëtzebuerger Poeten, sou wéi och Editeuren a Lieser aus der ganzer Welt.

De Marché de la Poésie gëtt et zanter 39 Joer, mä et ass déi éischte Kéier, dass Lëtzebuerg Gaaschtland ass. 500 Verläg a Revues littéraires sinn hei vertrueden a kréien eng literaresch Vitrinn matten a Paräis gebueden. Déi franséisch Haaptstad huet nach ëmmer déi historesch artistesch Liene mam Grand-Duché ënnerstëtzt. Ee kulturellen Austausch, op deen och déi Lëtzebuerger Ambassadrice a Frankräich grousse Wäert leet.

Ënnert all deene Lëtzebuerger Createure fanne mer och de Kënschtler Robert Brandy. Hien ass op de Marché de la Poésie op Paräis komm, fir hei säi rezent Buch ze presentéieren an deem e mat Encre de Chine d’Schrëfte vun engem franséische Poet illustréiert huet.

Fir d’Lëtzebuerger Auteuren ass de Marché de la Poésie e ganz privilegéierte Moment mat de Lieser. An och fir déi, déi vun eisem Land begeeschtert sinn, wéi de franséischen Auteur Serge Basso de March, deem seng Wierker dacks e Lien mam Grand-Duché hunn. Wärend ëffentleche Liesungen an Dedicacë kann een hei mam Lieser a Kontakt trieden. 5 Deeg laang si 600 Ënnerschrëft-Seancen op de Stänn virgesinn. Dësen direkte Kontakt erlaabt den Auteuren, ee Feedback iwwert hir Wierker ze kréien, Kontakter ze knäppen oder op nei Iddien ze kommen.

D’Visiteuren vum Marché de la Poésie kommen net nëmmen heihinner, fir hir léifsten Auteuren ze gesinn an deenen hir Bicher ze kafen, mä och nei Texter ze entdecken an nei Talenter ze fannen. Dëst Joer waren eng ronn 450 Nouveautéiten dobäi, geschriwwen a sëllege Sproochen op deenen 120 Stänn vum Marché de la Poésie.

All dëst spillt sech um Bord vun der Seine of. An engem Quartier, deen historesch gesinn, schonn ëmmer literaresch ugehaucht war. Hei ginn et déi meescht Librairien aus ganz Paräis. An de Caféen trëfft een d’Auteuren, déi sech austauschen an nei Projeten entwéckelen. Esou och de Florent Toniello an de Lambert Schlechter. Déi zwee Lëtzebuerger Poete schaffen zanter 5 Joer zesummen. D’Wierker vum Lambert Schlechter gi vum Florent Toniello verbessert. Hien ass a Frankräich gebuer, lieft zanter 10 Joer zu Lëtzebuerg an huet esou déi Lëtzebuerger Sprooch geléiert. Allen zwee si se Deel vun enger Communautéit, zu där eng 20 Lëtzebuerger Poeten zielen, déi reegelméisseg Wierker erausbréngen. Si hëllefe sech géigesäiteg beim iwwersetzen, verbesseren an der Relektür.

Wärend 5 Deeg hu si sech um Marché de la Poésie zu Paräis zesummefonnt. Lëtzebuerger Poeten, déi weise wéi eng eenzegaarteg Kreativitéit si an och eist Land an dëser Hisiicht ze bidden hunn.