Déi 7 Bandmemberen hunn en Dënschdeg annoncéiert, sech zäitweileg op Solo-Projete konzentréieren ze wëllen.

Um Festa-Dinner, dat all Joer organiséiert gëtt, fir den Anniversaire vu BTS ze feieren, huet de Sänger RM gesot, hie wéisst net méi, "wat fir eng Band mir sinn". "Ech duecht ëmmer, dass BTS anescht wier wéi aner Gruppen", sou de 27 Joer ale Südkoreaner. "Awer de Problem mat K-Pop an dem ganzen Idol-System ass, dass si dir net d'Zäit ginn, räif ze ginn", sou de Sänger weider. Hien hätt sech an de leschten 10 Joer als Mënsch verännert, dowéinst misst hien nodenken an Zäit fir sech huelen. Vu sengem 26 Joer ale Bandkolleeg Jimin huet et geheescht: "Mir fänken un driwwer nozedenken, als wat fir Kënschtler mir eise Fans an Erënnerung bleiwe wëllen".

Dëst ass net déi éischte Kéier, dass BTS eng Auszäit hëlt. 2019 an 2021 war dat schonn de Fall.

Viru Kuerzem hat déi südkoreanesch Band hiren Anthologie-Album "Proof" mat der Single "Yet To Come (The Most Beautiful Moment)" erausbruecht. BTS ass fir hir minutiéis astudéiert Danzchoreographie bekannt. De J-Hope, Jimin, Jin, Jungkook, RM, Suga a V sange gréisstendeels an hire Mammesprooch an ziele Millioune vu Fans weltwäit. 2020 hu si mat hirem englesche Lidd "Dynamite" d'Charts gestiermt an et un d'Spëtzt vun den US-Charts gepackt.

D'Ofkierzung BTS steet iwwregens fir "Bangtan Sonyeondan".