E Sonndeg den 19. Juni trieden eng Rei Lëtzebuerger Kënschtler am Kader vun Esch 2022, zesumme mam Orchestre Philharmonique um Belval virun der Rockhal op.

U sech eppes, wat ee weder als Museker all Dag erlieft, nach als Spectateur all Dag ze gesi kritt. Mee wéi bereede sech d'Artisten op hiren Optrëtt fir a wat fir ee groussen Opwand ass esou een Event iwwerhaapt?

Bis zum Event ass et nach eng Woch. D'Bün um Belval tëschent der Rockhal an den Héichiewe steet schonn, well entretemps d'Black Eyed Peas an Imagine Dragons do gespillt hunn.

Ma eng Woch virdrun ass den Direkter vun der Rockhal Olivier Toth am Stress gewiescht. Hie weess awer, dass e Sonndeg fir all Mënsch eppes mat dobäi wäert sinn, well eng grouss Panoplie vu Museker op ons waart. Esou treffe mer jonk Kënschtler un, awer och déi, déi ons an den 80'er gepräägt hunn.

Een dovunner ass d’Maggie Parke vu Park Café, eng Band déi 1987 gegrënnt gouf an an där d’Maggie Leadsängerin war. Zanter 20 Joer stoung si net méi op der Bün, e Sonndeg ass dann elo deen aller leschten Optrëtt fir Si, esou muss d'Maggie sech nees era schaffen.

Dem OPL an der Philharmonie geet et änlech den Ament ewéi de Museker doheem. Och si sinn an de Prouwe fir de groussen Dag e Sonndeg. De Gast Waltzing ass fir déi musikalesch Leedung zoustänneg an huet mat engem Grupp Museker all d'Orchester Arrangementer fir déi eenzel Artiste geschriwwen.

De Fred Barreto Group ass och eng vun de Bands, déi een e Sonnden ze erliewe kritt an um Prouwen ass. Fir Si, ass et déi aller éischte kéier, fir mam Philharmonie Orchester zesummen ze spillen. Doduerch klëmmt och bei hinne lues a lues d'Opreegung.

Besonnesch ass de Sonndeg och fir de Jeff Seyler. Bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm "Der Däiwel", ass hie scho mat anere Bands iwwer 30 Joer am Museks-Business. Duerch säin eenzegaartege Stil kéint et schwéier ginn, dëse mat engem Philharmonie-Orchester ze kombinéieren. Et bleift also spannend.

All d'Gruppen treffen eréischt e Samschdeg op den OPL. U sech gëtt et do déi éischt richteg Generalprouf. Lues a lues kommen d'Puzzelstécker zesummen a e Sonndeg ass et dann endlech sou wäit. Argumenter firwat fir all Mënsch eppes dobäi ass, leie wuel op der Hand. Lass geet et um 17 Auer. Esou si virun allem Famillje mat Kanner invitéiert, fir emol eng kéier live an am Detail ons Lëtzebuerger Musekszeen an den OPL z'erliewen.

Mega Bands - Mega Stëmmung: Dausende vu Spectateuren um Open Air Belval

D’Offer vun den internationale Staren, déi hei am Land optrieden, ass aktuell ganz grouss. Et ass wierklech ee Concert nom aneren. Een Highlight vun der Festival-Saison zu Lëtzebuerg ass awer elo schonn den Open-Air um Belval. Um Mëttwoch den Owend sinn d’Black Eyed Peas opgetrueden. Um Donneschdeg sinn et d'Imagine Dragons an e Sonndeg ass nach den "Open Air Belval Meets OPL" mam Gast Walzeng a ganz villen Lëtzebuerger Museker.

Nieft der Unzuel u Staren, déi op der Bün stinn, ass och de Site aussergewéinlech. Direkt virun den Héichiewe koum bei summerlechem Wieder och eng eenzegaarteg Stëmmung op. RTL ass déi dräi Deeg op der Plaz a gëtt Iech en Abléck an dës aussergewéinlech Concerts-Serie.