En Donneschdeg ass d'US-Rockband aus Las Vegas zu Esch/Uelzecht opgetrueden. Bekannt sinn d'Imagine Dragons duerch Hits wéi "Radioactive" oder "It's Time".

De Concert war e vollen Erfolleg. Rekordverdächteg 11.000 Spectateuren hu bei den Imagine Dragons mat gefeiert. An domadder war et de gréisste Concert, deen d'Rockhal jee organiséiert huet. Mir hu kuerz virum Concert virun den alen Héichiewe mam Direkter vun der Rockhal iwwert d'Organisatioun vun dësem Mega-Event geschwat. A mir ginn och der Fro no, firwat am Moment all Woch souvill Headliner op Lëtzebuerg kommen.