Als Sänger a Bassist vun de Beatles huet de Paul McCartney Museksgeschicht geschriwwen.

Um Samschdeg feiert de Museker säin 80. Gebuertsdag, eng Woch ier hie beim Glastonbury-Festival optriede wäert. Domadder gëtt hien deen eelsten Headliner an der Geschicht vum legendäre Festival am Südweste vun England.

De Paul McCartney ass es nach net midd, fir op der Bün virun Dausende Fans opzetrieden. Wärend annerhallwem Mount huet hien dëst Joer bei senger Tournée "Got Back Tour" queesch duerch d'USA d'Stadie gefëllt.

Wären der Pandemie hat och hien eng Paus missen aleeën, wärend där hien un neier Musek geschafft huet. Am Dezember 2020 koum dunn den Album McCartney III eraus, deen op der éischter Plaz an de britteschen Charts gelant ass.

Den James Paul McCartney ass 1942 zu Liverpool op d'Welt komm. Wéi hie 15 Joer al war, huet hien den John Lennon kennegeléiert an huet mat dësem an der Band Quarrymen gespillt, aus där spéider d'Beatles entstane sinn.

Zesumme mam Ringo Starr an dem George Harrison hunn déi véier d'Musekswelt eruewert.

RTL

John Lennon, Paul McCartney, Ringo Starr an George Harrison 1964 zu London. / © AFP

Mam John Lennon huet de Paul McCartney Hits wéi "Hey Jude", "Penny Lane" a "Yesterday komponéiert.

Ma d'Jugendfrëndschaft tëscht de Museker ass an de 70er Joren zerbrach. D'Dréiaarbechten zu "Let It Be" hunn den 10. Abrëll 1970 d'Enn vun de "Fab Four" agelaut.

No de Beatles war de McCartney nach erfollegräich mat der Band "Wings" déi hie mat senger Fra Linda Eastman gegrënnt huet. 1998 ass si u Broschtkriibs gestuerwen.

RTL

De Paul McCartney mat senger Fra Linda an de weidere Membere vun der Band "Wings" (1990) / © AFP (Archiv)

An de leschte Joren a bis haut ass de Museker als Solokënschtler erfollegräich.

Vun de véier Beatles liewen haut just nach de Paul McCartney an de Ringo Starr.