U sech sollt de Festival fir de 15. Anniversaire vun der Philharmonie 2020 organiséiert ginn. Wéinst Corona war dëst awer net méiglech

An der Philharmonie koumen d'Museksbegeeschtert dëse Weekend op hir Käschten. Iwwer 800 Museker si wärend 3 Deeg op 6 Büne verdeelt opgetrueden.  An et war fir all Goût eppes dobäi. D'Visiteure konnte sech am Géigesaz zu soss fräi an de Concertssäll beweegen an dobäi eng ganz Rei verschidden Optrëtter gesinn.

De Festival war ugangs fir 2020 am Kader vum 15. Anniversaire vun der Philharmonie geplangt. Vue datt ee wéinst der Pandemie awer zwee extra Joer hat, fir ze plangen, konnt ee vill méi Kënschtler mat an de Programm huelen, erkläert den Haaptresponsabele Serge Schonckert. D'Organisateuren haten en Opruff lancéiert. wou jiddweree sech konnt mellen an eng Aart Tosch proposéieren. D'Kënschtler kruten d'Bün, d'Technik an alles ronderëm zur Verfügung gestallt a konnte fir näischt optrieden. Dobäi ass eng grouss Panoplie un Artisten zesummekomm. Vu Kannerchéier, bis Jazz, Rock a Walkin Folk Acts war iwwert de Weekend alles dobäi. De Programm wier och esou opgestallt ginn, datt d'Optrëtter sech esou wéineg wéi méiglech iwwerschneiden.

RTL

© Danielle Goergen

No der Pandemie hu sech awer och d'Kënschtler gefreet, fir nees kënnen opzetrieden. Zemools an esou engem Kader.  Den Aloyse Weyler vum Projet "D' Olympiad vun den Tutebattien" trëtt normalerweis a Schoulen op, ma begréisst, datt si hei eng Aart Carte-Blanche kréien a sech kënnen expriméieren. Et wier virun Allem awer och fir d'Visiteuren immens flott, well si hei Genren a Gruppen ze gesi kréien, déi si normalerweis éischter net géife lauschteren. "Et ass eng ganz flott Mëschung a besonnesch och, well et esou oppen an onkomplizéiert ass", mengt iwwerdeems och e Visiteur, dee mir beim Optrëtt vum iresche Groupe Comhaltas Luxembourg begéinen.

Um Sonndeg war et e bësse méi roueg, esou nach de Serge Schonckert. Ma Samschdes hätt d'Wieder besser matgespillt.  D'Säll ware voll a virun Allem bausse wier eng super Stëmmung gewiescht. Nom Erfolleg vun dëser éischter Editioun misst dann elo mol e Bilan gezu ginn. Ma et géif een awer scho mam Gedanke spillen, fir de multi-kulturelle Festival bäizebehalen.

RTL

© Danielle Goergen