Dëse Sonnden organiséiert den "Ultraschall Kollektiv" en Evenement am Atelier. De ganzen Erléis geet un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner.

"D’Iddi dohannert war et, Jonker, déi gär erausginn, z’incitéieren, op esou en Event ze kommen an domadder Kanner a jonk Leit, déi u Kriibs erkrankt sinn, z’ënnerstëtzen", esou d'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. "Fir eis Fondatioun ass dat immens wäertvoll."

Dëse Sonnde mécht den Atelier seng Dieren um 15 Auer op. Bis Mëtternuecht kann ee fir de gudden Zweck bei sechs verschiddenen DJ-Setten danzen. Mat dobäi ass, ënner anerem, de Ricko James. Säi Lidd "A Samuai's Death" hat 2017 groussen Uklang fonnt a gouf, eleng op Spotify, iwwer dräi Millioune Mol gelauschtert. Da leeën och de Mathias Treinen, de Philippe Weitzel an den Eric Nosbusch, besser bekannt als DJ NOSI, op. Den 21 Joer jonken DJ a Museksproduzent hat viru ronn zwee Joer selwer Leukemie. Deemno ass dëse Set eng richteg Häerzensugeleeënheet fir hien.

"Mir bedeit et immens vill, mat dobäi ze sinn, well et esou e wichtegt Thema ass", esou den Eric Nosbusch. "Et freet mech mega, dass mir Jonker zesummenhalen an esou Initiativen an d'Liewe ruffen."

RTL

DJ Nosi

Niewent den DJ-Setter, kënnen d'Visiteure sech och op eng kollektiv Konschtausstellung freeën, un där eng ganz Rëtsch jonk Artisten, ewéi de Wilson Ferreira Martins, de Jo Malano an d'Adelisa Pjanic, deelhuelen. Desweidere riichten d'Kleedermark "Devï Clothes", de Fleurist "Infiiorata" an den online Kaffi- an Téibuttek "Mizuteahouse" hir Stänn fir een Dag am Atelier op.

Méi Detailer an Tickete fir den "Golden Times Ahead" fannt dir hei.