Wat am Joer 1994 ugefaangen huet, ass aus dem Kalenner vun de Manifestatiounen net méi ewechzedenken.

Den 3. Weekend am Juli dréint sech zu Conter alles ëm déi 9. Konscht.

Ganz vill Sammler a Revendeure kommen op Lëtzebuerg. Scho laang am viraus melle si sech un, fir eng garantéiert Plaz hei zu Conter ze hunn. Genee wéi de Christophe Rosseel. Schonn 20 Joer kënnt hien op dëse Festival.

Och d'Auteure maache sech e Pleséier draus, de Weekend vum Festival zu Conter um Rendez-vous ze sinn. Si ënnerschreiwen hir Bicher a schnësse mat de Visiteuren. Sou och de Lucien Czuga. Zesumme mam Andy Genen koum déi nei Geschicht "De Ris geet op d'Rees" eraus.

Mickey Mouse, Tintin, Astérix an Obélix - d'Bande Dessinée ass generatiounsbedéngt, sou gëtt gesot.

Mam "Bédéric" huet de Festival zanter dësem Joer och säin eegent Maskottchen.

Och e Sonndeg kann een de ganzen Dag zu Conter beim internationale Festival vun der Bande Dessinée e puer flotter Stonne verbréngen.