Aus gesondheetlechen a private Grënn wëll sech de Jürgen Drews aus dem Show-Geschäft zeréckzéien.

Wärend der ARD-Show "Die große Schlagerstrandparty" huet de 77 Joer ale Museker annoncéiert, dass hie seng Karriär deemnächst un den Nol hänke wäert. De Jürgen Drews wäert just nach dëst Joer op der Bün ze gesi sinn, duerno ass Schluss.

"Et ass un der Zäit, mäi Privatliewen op Plaz 1 ze stellen", sot den "Ein Bett im Kornfeld"-Sänger am Gespréich mat der "Bild am Sonntag". Mat Bléck op säin Alter wier hien net méi sou belaaschtbar wéi fréier an hie géing mierken, dass et him "onheemlech gutt geet, doheem ze gesinn". Dowéinst hätt hie sech dozou entscheet, sou vill Zäit wéi méiglech mat senger Fra Ramona, hirer Duechter Joelina an hiren Déieren ze verbréngen.

De Jürgen Drews ass u Polyneuropathie erkrankt, eng onheelbar Nervekrankheet. Zwar hätt hie keng Péng, ma säi Kierper a säi Befanne géinge sech awer änneren. Dowéinst wier et un der Zäit, méi lues ze maachen.

D'Party-Zäit um Ballermann ass deemno eriwwer. Der "Bild"-Zeitung huet de Kinnek vu Mallorca verroden, dass hie sech wënscht, datt säi Frënd Mickie Krause säi Spëtznumm iwwerhuele wäert. Wéi Queen schonn deemools gesongen hunn: "The Show Must Go On".