D’Philharmonie an den OPL feieren traditionell den Ofschloss vun der Saison mat 2 Eventer.

E klassesche Concert op der Kinnekswiss an d'End of Season Techno-Party an der Philharmonie.

Den OPL an de Chœur de Chambre de Luxembourg zesummen op der Bün op der Kinnekswiss, dat ass schonn emol eng gutt Viraussetzung fir e gelongenen Owend. D'Wieder huet och matgespillt an d'Technik war op der Héicht. Et war schonn déi 3. Kéier, wou den Ofschloss vun der Philharmonie-Saison am Stadpark gefeiert gouf.

Mat ganz anere Kläng huet de Public deselwechten Owend säi Gléck an der Philharmonie fonnt. End-of-Season-Party mam Francesco Tristano a mam Grënner vun der Techno-Welt, dem Jeff Mills.

3.000 jonk Leit sinn op hir Rechnung komm an d’Philharmonie och.