"Mit freundlichen Grüßen" koumen d'Fantastischen Vier op d'Bün
Zwee Joer laang louch d’Concertsliewen duerch d’Pandemie brooch. Elo explodéiert et richteg an de Säll respektiv och Open-Air.
Den Atelier hat e Samschdeg op eng ganz Nei an accessibel Plaz invitéiert, bei d'Lux-Expo. 8.000 Leit ware beim Optrëtt vun de Fantastischen Vier derbäi.
"Mit freundlichen Grüßen" koume se e Samschdeg den Owend op d'Bün: de Smudo, den Thomas D., de Michi Beck an den And.Ypsilon - oder die Fantastischen 4 och nach kuerz Fanta 4 genannt. Zënter 33 Joer gëtt et d'Band, déi beweist, datt däitschsproochegen HipHop ukënnt.
Vun "Die Da?!" dem éischten Hit 1992 bis bei "Zusammen", deen 2018 offiziellen däitsche Fussball-WM-Song war, fir déi vill Succès aus hirer Karriär gëtt et keen direkt Rezept.
Et war net den éischten Optrëtt vun de Fantastischen 4 zu Lëtzebuerg a fir d'Band ass dat schonn eppes Besonnesches, net nëmme well e wéinst Corona zweemol verréckelt gouf.
Eng immens Ambiance, e ganz adaptéierte Site fir esou Concerten a professionell Museker, déi sech op der Bün wuelgefillt hunn, et war scho "fantastisch".