De Jury huet decidéiert keen éischten, mee zwee zweet an een drëtte Präis ze verdeelen.

E Sonndeg 24.7. ass déi 11. Editioun vun der IPCL, der International Percussion Competition Luxembourg op en Enn gaangen. Dëst Joer war de Concours reservéiert fir d'Trioen.

Bei der Finall gouf ënner anerem d'Kompositioun "Organized" fir Percussioun an Uergel vum Lëtzebuerger Komponist Georges Sadeler gespillt.

De Jury huet Ex-Aequo zwee zweet Präisser verdeelt un den Trio Fragments (Frankräich) an de Budd Trio (Frankräich/Schwäiz).

RTL

Trio Fragments / © Claudia Hansen

RTL

Budd Trio / © Claudia Hansen

Den drëtte Präis war fir de Gang-Ta Trio (Däitschland/Polen/Südkorea).

RTL

Gang-Ta Trio / © Claudia Hansen

Nieft den Haaptpräisser goufen et och eng Rei Spezial-Pràisser:

D'International Percussion Competition Luxembourg gëtt et well zanter 33 Joer a gouf deemools vum Paul Mootz an d'Liewe geruff. Am Joer 2000 ass den 1. musikalesche Concours hei am Land an och deen eenzegen internationale Concours fir Percussiounsensembelen Member vun der Internationaler Federatioun vun internationale Museksconcourse, déi hire Sëtz zu Genève huet, ginn.

Dem Paul Mootz säin Zil war et well deemools dem Public d'Varietéit vun de Perkussiounsinstrumenter ze presentéieren an de Percussiounsensembelen d'Méiglechkeet ze ginn a Konkurrenz ze trieden.

23072022 D'Finall vum IPCL am Conservatoire Mam Paul Mootz

Deemools hätt een awer kaum geduecht, dass dëse Concours esou laang géing bestoen. Paul Mootz, Grënner vum IPCL:

"Gehofft vläicht, geduecht net onbedéngt. Ech muss och éierlech zouginn, dass et och alt mol Héichten an Déifte goufen, motivatiounsméisseg. Mee all Kéier wann et dann erëm leeft, ass et ëmmer flott déi ganz Ekipp, wéi se zesummenhält, déi ganz Organisatioun a wann een dann déi Performance gesäit, da seet ee sech "et ass derwäert, dass mir dat versiche bäizebehalen."

Et variéiert am Concours dann och tëscht Quartett, Trio, Duo an och Kompositioun:

"Jo, also d'Kompositioun hu mir elo zanter 2 Editiounen, et ass am Fong ëmmer am Virfeld zu der jeeweileger Editioun wou mer dann e Stéck an Optrag gi wat dann och den Imposé vum 1. Tuer ass."

 Fir d'Finall kann och de Publikum matbestëmmen, wie gewënnt. Et ass deemno derwäert dohinner ze goen.

"Richteg, de Publikumspräis gëtt gestëft vum Jean-Marie Gieres, dat ass de Fils vum 1. Perkussiounsprof hei zu Lëtzebuerg, dat war de Jean Gieres. De Publikum kann dee Präis da mat decidéieren."

Fir d'Finall vun dëser Editioun vun der IPCL gouf d'Stéck vum Lëtzebuerger Komponist Georges Sadeler geschriwwen. Dëst Wierk fir Perkussiounstrio an Uergel gëtt dann e Sonndeg virgestallt.

Qualifizéiert fir d'Finall hu sech dës dräi Trioen:

Budd Trio

Lorenzo MANQUILLET, 22 (France)
Louis LEBRETON, 24 (France)
Victor LODEON, 24 (France)

Gang-Ta Trio

Gabriel BEYRER, 20 (Germany)
Grzegorz CHWALINSKI, 21 (Poland)
Jiyeon KIM, 30 (South Corea)

Trio Fragments

Gabriel MICHAUD, 19 (France)
Loïc MORIN, 25 (France)
Antonin JACCARD, 19 (Switzerland)

Nieft den 3 Haaptpräisser ginn et och nach Spezialpräisser, dorënner dee fir déi bescht Interpretatioun an der Halleffinall vum Stéck vum François Tashdjian: Narnchygäer. De Jury ass hei zesummegestallt vu Percussiounsschüler, President ass de Sven Hoscheit.

Interview mam Sven Hoscheit

Eng Innovatioun gouf et och fir déi 11. Editioun. Déi verschidden Ensembelen hu mussen Filmmusek kreéieren an dat fir de Kuerzfilm "Vestiges" vum Felicia Bremin a Pia Nennig, déi domadder hire BTS-Ofschloss am Lycée des Arts et Métiers gemaach hunn.

IPCL Interview mam Felicia Bremin a Pia Nennig
RTL