Mat hirer Single "Break My Soul" huet et de Popstar e Méindeg op d'Plaz 1 vun de Billboard Hot 100 gepackt.

D'Beyoncé huet no méi wéi 10 Joer nees d'US-Charts gestiermt. Dëst ass déi éischte Kéier zanter 2008, dass d'Sängerin nees vir bäi ass mat engem Solo-Lidd. E Grond ze feieren, gëtt et awer net nëmme wéinst dem erfollegräichen Hit "Break My Soul". Och hiren neien Album "Renaissance" steet un der Spëtzt vun de Billboard Album-Charts. Just een aneren Album war dëst Joer nach méi erfollegräich: dem Harry Styles säin Album "Harry's House".

"Renaissance" ass dem Beyoncé hire siwente Studioalbum an ass Enn Juli erschéngt. Zulescht stoung den neien Album awer och a Kritik. Aktivisten hunn dem US-Popstar virgeworf, am Lidd "Heated" e Wuert benotzt ze hunn, dat als respektlos géintiwwer Leit mat enger Behënnerung gëllt. Doropshi gouf d'Wuert aus dem Text gestrach.