"Virum Elvis war näischt", sot mol eng Kéier den John Lennon. De "King of Rock'n Roll" konnt um Enn net méi erdroen, wat aus em gi war.

Wie weess, wéi eng Musek mir all haut géing lauschteren, wann den Elvis Aaron Presley sengerzäit einfach mol bei sengem éischte Beruff hänke bliwwe wier: Camionschauffeur.

Dee jonken Elvis koum fréi mat der Musek a Kontakt, seng éischt Aflëss waren och noutgedrongen déi aktuell Genre vun deemools, virop d’Countrymusek. Där huet en ni de Réck gedréint, mä säi Faibel fir dee schwaarze Rhythm & Blues ass 1954 och dem Produzent Sam Philips opgefall. Et koum quasi zu enger Fusioun vu Country mat R&B, a mat senger Versioun vun “That’s All Right” war deen éischten Rockabilly-Song gebuer.

Dee jonken Elvis krut säin Placke -Kontrakt, den Titel ass um Radio gelaf, de Feedback war enorm. 1 Radio huet “That’s All Right” owes souguer nach 14 mol musse spillen.

De Rescht vun der Story dierft bekannt sinn, kann een ëmmer an iwwerall noliesen. D’Gebuert vun engem Star, eng Revolutioun an der Musek déi Schwaarz a Wäiss op een Nenner konnt bréngen,  e coole jonken Typ deem seng onerhéiert provokativ a lasziv Manéier dat konservatiivt Amerika gerëselt huet. Déi jonk Generatioun hat hiren Held, Idol, Rebell.

18 mol d’Nummer 1 an de Popcharts, 11 mol an der Country- a 6 mol an der R&B-Hitparade. Iwwer 40 Studio-Albumen, 1 Milliarde verkaaften Disken, 33 Kinosfilmer.

RTL

© pixabay

Bemierkenswäert awer och dës Fakten:
  Vun deenen iwwer 1000 Concerten ass de Presley, mat Ausnam vu 5 Optrëtter 1957 a Kanada, ni baussent den USA opgetratt.
  Vun deenen iwwer 600 Songs, déi en am Verlaf vu senger Karriär opgeholl huet, war keen eenzegen aus senger eegener Fieder.
  Seng Famill staamt aus der Däitscher Südpfalz. E gewëssenen Valentin Pressler, vu Beruff Wënzer, ass am fréien 18. Joerhonnert an Amerika ausgewandert.
  Säi memorabelen “Aloha from Hawaii”-Concert  vum 14. Januar 1973 gouf weltwäit a 40 Länner iwwerdroen a vu méi Mënsche gekuckt ewéi d’Moundlandung.
  Seng Proprietéit “Graceland” huet en 1957 fir 103.000 $ kaf, et ass nom “Wäissen Haus” zu Washington dat zweet-meescht besicht Haus an de States.

RTL

© pixabay

Am Juni 1977 huet de King säi leschte Concert zu Indianapolis ginn. 2 Méint drop e leschte Song doheem opgeholl: “Way Down” – de Wee no ënnen.

De 16. August 1977 hu se ‘n fonnt. Um Bauch, am Buedzëmmer. Dout duerch Häerzversoen, Fettsucht a jorelaange Medikamentemëssbrauch. Den Elvis Presley hat 42 Joer.

An Europa war et de Journalist Mark Wesley, deen um 22:41 op Radio Luxembourg d’Nouvelle annoncéiert huet. An den DJ Tony Prince huet uschléissend bis 4 Auer moies nonstop dem Elvis seng Hits gedrummt.

Eleng an Amerika ginn et haut ronn 35.000 haaptberufflech Imitateuren.

RTL