D'Digitaliséierung hat mat der CD hiren Ufank. Déi éischt Sëlwerscheiwe fir de Verkaf goufe viru genee 40 Joer zu Hannover-Langenhagen produzéiert.

40 Joer CD / Reportage Damit Maya

Wéi de 17. August 1982 d'Maschinnen am Polygram-Wierk ugelaf sinn, gouf do e Stéck Museksgeschicht geschriwwen. Déi kommerziell Produktioun vum "Compact Disc" hat hiren Ufank mat der CD-Versioun vum Album "The Visitors" vun ABBA. Fir d'alleréischt war d'Museksformat digital, dat huet ee proppere Sound ouni Dauschen a Knacke vun de Vinylsplacke méiglech gemaach.

Trotz all den Debatten, ob den Toun vun der CD ze steril wär am Verglach mam analoge waarmen Toun vun de Placken, koum d'CD awer gutt un. 1985 goufen eleng zu Langenhagen 26 Millioune Scheiwe produzéiert.

D'CD huet der Museksindustrie e gëllent Zäitalter geschenkt. D'Chartstiermer wéi de Michael Jackson, d'Madonna oder U2 hunn d'Keese gefëllt. 1997 huet d'Museksbranche en Héichpunkt mat 2,3 Milliarden Euro erreecht. Dat Gléck war allerdéngs net vu laanger Dauer: D'Digitaliséierung war scho lancéiert. Virun 20 Joer gouf den MP3-Format entwéckelt, an domat konnten d'Museksdaten op en Zéngtel vun der CD-Gréisst reduzéiert ginn. Ob eemol konnt jiddereen CDe kopéieren an am Internet tauschen.

D'Museksbranche gouf duerch d'Musekpiraterie haart getraff a lues a lues stoung d'CD net méi am Mëttelpunkt. Musek streame mat engem Abo, wou een eemol am Mount muss bezuelen, ass déi nei Norm ginn. An trotzdeem gëtt et nach ëmmer CDen an och déi al Vinylsplacken erliewen nees ee Revival.

D'CD-Wierk zu Langenheim, wou alles säin Ursprong hat, huet awer viru 5 Joer zougemaach.