Wéi de Kölner Express mellt, hätt de Smudo sech um Knéi blesséiert, wéi e bei engem vun de leschte Lidder e bëssen ze energesch ronderëm gespronge wier.

Et war bei der 1. Zugabe... d'Band ass nach emol op d'Bün komm an d'Lidd "Populär" gouf ugestëmmt. De Smudo hat wuel kuerz vergiess, dass e keng 20 Joer méi huet, a bei engem energesche Sprong vun engem Träpplek wier hien no der Landung net méi opgestanen.

"Oh meng Knéischeif", hätt de 54 Joer ale Smudo just nach gesot... Seng Bandkolleegen Michi Beck (54) an Thomas D (53) sinn ëm zu Hëllef komm an hu festgestallt, do ass definitiv eppes geschitt. De Concert huet mussen ofgebrach ginn an de Smudo gouf vun de Sanitäter vun der Bün gedroen.

Et sollt sech erausstellen, dass beim Smudo d'Patellaseen am Knéi gerass ass. Hien ass um Samschdeg nach operéiert ginn.

D'Fanta-4 sinn aktuell op Däitschland-Tour fir hiren 30-järege Jubiläum.

Um Samschdeg war e Concert zu Osnabrück geplangt, deen awer huet mussen op e spéideren Datum verréckelt ginn.