Vun de 60er Joren u bis an d'Joer 2000 war de Gilbert Trausch ee vun deene wichtegste Lëtzebuerger Historiker.

Ee gemeinsame Projet vun der Uni Lëtzebuerg an dem "Zentrum fir zäitgenëssesch an digital Geschicht" erfuerscht zanter 2020 seng Praxis vun der Geschichtsschreiwung. Dat unhand vun der Bibliothéik vum Historiker, déi an engem virtuelle Raum inventariséiert a rekonstruéiert gëtt.

25.000! - Dat ass déi geschaten Unzuel u Bicher an Dokumenter, déi sech am Laf vu senger wëssenschaftlecher Karriär am Gilbert Trausch sengem Haus um Lampertsbierg ugesammelt haten. Nom Doud vum Historiker am Joer 2018, hate seng Kanner sech dozou entscheet, fir déi wëssenschaftlech Bibliothéik der Uni Lëtzebuerg ze vermaachen. Ee bedeitenden Don, deen et de Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg erméiglecht, déi intellektuell an och déi materiell Praktike vum Gilbert Trausch als Historiker vum 20. Joerhonnert ze verstoen.

Dat éischt Zil vun dësem Projet war et fir ze erfaassen, wéi de Gilbert Trausch seng Bibliothéik opgebaut hat. Duerch eng genee Analys vu sengem Organisatiounssystem kann een nämlech dem Historiker seng inhaltlech Interessen novollzéien a verstoen, wéi hien d'Literatur genotzt huet.

Ee weideren, wichtegen Deel vum Projet ass d'Kreatioun vun engem 3D-Modell vum Trausch-Haus mat deenen iwwer 30 prall gefëllte Bicherregaler.

Studenten, déi sech mam Gilbert Trausch a senger Aarbecht befaassen, solle sech spéider fir hir Recherchen duerch dee virtuelle Raum beweegen an dem Historiker seng Bibliothéik Stack fir Stack erfuersche kënnen.

Am Februar gouf déi grouss wëssenschaftlech Bibliothéik integral op Esch/Belval ëmgesidelt.

Am Luxembourg Learning Centre goufen déi dausende Bicher an Dokumenter déi lescht Méint iwwer inventariséiert a ginn den Ament katalogiséiert. D‘Trausch-Kollektioun ass fir d‘Universitéitsbibliothéik vu grousser Bedeitung.

Zukünfteg kënnen déi vill Wierker dann am Luxembourg Learning Center consultéiert an déi privat Bibliothéik virtuell besicht ginn.

Weider Detailer zum Projet Gilbert Trausch fannt Dir um offiziellen Internetsite.