Bal 30 Joer laang sinn de König Boris, de Björn Beton an den Doc Renz als "Fettes Brot" ënnerwee. Enn 2023 soll et awer eriwwer sinn.

Déi dräi Museker, déi mat Lidder wéi "Jein", "Bettina" oder "Schwule Mädchen" bekannt gi sinn, wëllen nach hir geplangten Tour duerchzéien an dann Enn 2023 sech als Band opléisen. Dës Tour soll awer nach eng Kéier e richtege "Knaller" ginn.

"Anno 2022 erscheint uns unsere gemeinsame Story irgendwie auserzählt. Aber klaro: Ehrensache, dass unsere gemeinsame Epoche mit einem Knallerfinale enden muss," schreift d'Band.