Via Instagram huet déi 84 Joer al Actrice matgedeelt, datt bei hir Kriibs diagnostizéiert gouf a si zanter sechs Méint an enger Chemotherapie ass.

Si hätt e sougenannt Non-Hodgkin-Lymphom, eng Aart vu Kriibs, déi gutt op d'Behandlunge reagéiert. Ronn 80 Prozent vun de Patiente géifen et iwwerliewen, huet d'Fonda geschriwwen. Dowéinst géif si sech "ganz glécklech" schätzen. Weider hätt si eng gutt Krankekeess an domadder den Accès zu gudden Dokteren. Hir wier kloer, datt si domadder privilegéiert wier, well bal all d'Familljen an den USA hätte scho mat Kriibs ze di gehat a vill haten net d'Méiglechkeet, sech esou gutt traitéieren ze loossen. Si hätt viru ronn sechs Méint mat der Therapie ugefaangen a si géif d'Behandlung gutt verdroen.

Et wier wichteg, doriwwer ze schwätzen, wat Kriibs ausléist an dogéint virzegoen, esou d'Fonda weider.

Hir Krankheet géif si awer net drun hënneren, sech weider fir de Klimaschutz anzesetzen. Bei hirem Asaz als Klimaschutzaktivistin war d'Fonda zu Washington schonn e puer Mol verhaft ginn.

Hir leschte Rollen als Schauspillerin hat d'Jane Fonda an der Netflix-Serie "Grace and Frankie" respektiv an der Komedie "The Book Club", deen 2018 an d'Kinoe koum.