Um Cover vum Nirvana-Album "Nevermind" schwëmmt de Puppelchen an enger Schwämm. Dëst Kand ass de Spencer Elden, deen 30 Joer nom Album d'Band verklot hat.

Et ass wuel eent vun de bekanntste Cover vun engem Album iwwerhaapt: E Puppelche schwëmmt an enger Schwämm enger Dollar-Note no. Esou hat d'Kultband Nirvana hiren Album "Nevermind" illustréiert.

Um Bild ze gesinn ass de ganz jonke Spencer Elden, deen am Summer 2021, also 30 Joer, nodeem den Album op de Maart koum, viru Geriicht gezunn ass. Säi Virworf: D'Band huet Kannerpornografie bedriwwen a kommerziell vermaart. Si hätte Publicitéit fir hir Musek op d'Käschte vum Elden gemaach.

Wéi de Magazin "Rolling Stone" mellt, wier d'Klo vum US-Riichter Fernando Olguin ofgewise ginn, well den Elden ze laang gewaart hätt, fir géint Nirvana viru Geriicht ze zéien. Hien hätt dëst missten an engem Zäitraum vun 10 Joer maachen, nodeem hie gewuer gouf, datt hien de Puppelchen op dësem Bild ass, esou d'Erklärung vum Riichter.